Déi ungaresch Regierung huet, um 70. Anniversaire vum Néierschloe vum ungaresche Volleksopstand, d'Archive vun der kommunistescher Geheimpolice opgemaach an der Ëffentlechkeet domat den Zougang zu Akten erméiglecht, déi vun 50.000 bis 60.000 Informante gefiddert gi sinn.
"No 36 Joer erfëlle mir endleche dëst zentraalt Versprieche vum Regimmwiessel 1990", sot de Premier Peter Magyar e Mëttwoch de Moien. Dëst Versprieche wier nom Enn vun der kommunistescher Herrschaft geleegent a verschleiert gi gewiescht. Joerzéngtelaang hätten déi geheim gehalen Informatioune Raum gelooss fir "politesch Hysterie, Erpressung, Drock a Leit de Mond ze verbidden".
Virum Fräischalte vun der Datebank hate Gerüchter d'Ronn gemaach, de fréiere Premier Viktor Orban wier en Informant vun der Staatssécherheet gewiescht. Säin Numm daucht awer net an den Dokumenter op. Wéi d'Stasi an der DDR haten och d'Kommunisten an Ungarn e breet Netzwierk un Informanten a Spiounen opgebaut, fir d'Bevëlkerung z'iwwerwaachen. Bis zu 150.000 Persoune solle rekrutéiert gi sinn, fir Informatiounen iwwer Kolleegen, Frënn a Familljememberen ze beschafen. Awer just vu ronn 50.000 Informante sinn nach Akten erhale bliwwen. Vill Dokumenter waren 1956 beim Opstand vum Vollek zerstéiert ginn oder wärend der Iwwergangsphas an d'Demokratie verschwonnen. Verschidden Dossiere sollen op Moskau bruecht gi sinn.

Historiker a Wëssenschaftler erhoffe sech nei Informatiounen doriwwer, wéi d'Autoritéiten deemools rekrutéiert hunn a wéi de Staatsapparat geschafft huet. Gläichzäiteg gëtt virun enger Hysterie gewarnt an et solle Leit net ze fréi virverurteelt ginn, just well hiren Numm op der Lëscht steet. Verschiddener ware grouss Risiken agaangen, wéi se sech géint d'Autoritéite gestallt haten. Am Februar wäert en zweete Saz Donnéeë mat detailléierten Informatiounen iwwer ronn 9.000 weider Informanten ëffentlech gemaach ginn.