Bad Kreuznach/Rheinland-PfalzSuite vu Prozess wéinst Erschéisse vun Tankstelle-Mataarbechter

RTL Lëtzebuerg
E Mann hat zu Idar-Oberstein e Mataarbechter vun enger Tankstell erschoss, well deen de Client opgefuerdert hat, wéinst Corona eng Mask unzedoen.

De Fall hat fir vill Roserei gesuergt op Leit, déi sech per force net un d’Virus-Restriktioune wollten halen. Den Täter, e 50 Joer ale Mann, huet d’Faiten zouginn a seet, hien hätt sech ze vill duerch d’Corona-Reegele belaascht gefillt.

D’Plädoyeren hunn dëse Méindeg ugefaangen, nodeems déi Ufank Juli hate mussen ënnerbrach ginn, well d’Affekote vum Mann e psychologeschen Expert fir net neutral gehalen hunn.

Back to Top
CIM LOGO