Iwwerdeems Europa an Amerika den Ament mat ganz héijen Zuelen a villen Doudegen ze kämpfen hunn, huet een de Virus a Länner wei Australien, China oder och Taiwan gréisstendeels am Grëff. Wat hunn déi asiatesch Länner anescht gemaach? De Pierre Jans huet mat Lëtzebuerger an Taiwan an a Japan geschwat.
Taiwan steet nach ëmmer am beschten do. Op der ganzer Insel gëtt et manner ewéi 600 Fäll: Insgesamt. Zwar gëtt et hei an do nach eng Neiinfektioun, mä zanter méi ewéi engem hallwe Joer keng lokal méi. Den Tahü Sme, deen zanter 11 Joer an Taiwan wunnt, an d’Tanja Kinnen, dat viru Kuerzem vu Japan an Taiwan geplënnert ass, erzielen aus hirem Alldag. Taiwan setzt op Areesrestriktiounen, streng Quarantän-Kontroll a Präventioun.
Breet ugeluechte PCR-Tester gëtt et hei net. Grad ewéi a Japan. Do koum ee méintelaang gutt duerch d’Pandemie. Mat Succès gouf primär no Infektiounsclustere gesicht, an op fräiwëlleg Disziplin. Allerdéngs: Och a Japan klammen d’Zuelen nees. Aktuell sinn a Japan ronn 20.000 Mënschen u Covid erkrankt. D’Regierung huet den héchsten Niveau vun Alerte ausgeruff. Och d’Japaner profitéieren no 10 Méint Corona nees méi vun hire Fräiheeten. Dat confirméiert de Lëtzebuerger Kevin Zaleski, deen zanter 6 Joer zu Tokio wunnt.
Nach setzt déi japanesch Regierung op déi eege Responsabilitéit vun de Bierger. Méi streng Mesurë sinn awer net ausgeschloss.
