
Ier e Mëttwoch an Däitschland d’Bundeslänner zesumme mat der Kanzlerin Merkel iwwer d’Verlängerung vun de Corona-Mesuren diskutéieren, wäre sech déi 16 Ministerpresidente schonn eens ginn, wat fir d’Feierdeeg Enn des Joers soll gëllen an och, datt d’Chrëschvakanz 3 Deeg méi fréi soll ufänken. Dat geet aus engem Rapport ervir, deen der däitscher Noriichtenagence dpa virläit.
Tëscht dem 23. Dezember an dem 1. Januar sollen d’Kontakt-Limitatioune gelackert ginn. Fir Chrëschtdag kéinte sech da bis zu 10 Leit zesumme gesinn. Kanner ënner 14 Joer géingen net dozou gezielt ginn.
Am Géigenzuch appelléieren d’Bundeslänner dofir un d’Bierger, fir sech e puer Deeg virum Fest an Autoquarantän ze setzen a kee Kontakt méi ze hunn. Domadder kéint een d’Infektioune limitéieren.
Donieft gouf och e Kompromëss fonnt wat Silvester ugeet: D’Freedefeier op ëffentleche Plazen a Stroosse soll zwar verbuede ginn, ma de Verkaf vu Knupperten an Rakéiten explizitt net.
Et ass och net auszeschléissen, dass de Bund op déi streng Mesurë wäert pochen. Dat a puncto Kontakter an Ouverture vun de Schoulen.
