
Vum Samschden, 16. Juni u wäerten d’Autoritéiten deemno net méi kontrolléieren, wéi vill Leit aus wéi vill verschiddene Stéit beienee sinn. D’Otemschutzpflicht am ëffentlechen Transport an a Butteker bleift allerdéngs.
D’Bundesland wéilt vun elo un op méi Eegeverantwortung vun de Bierger setzen, huet déi lénk Gesondheetsministesch Heike Werner erkläert. D’Regierung recommandéiert de Bierger, d’Kontakter weider anzeschränken. De Mindestofstand soll iwwerall do agehale ginn, wou et méiglech an zoumuttbar wier, an et gëtt den Awunner geroden, net mat méi wéi engem anere Stot, respektiv 10 Leit, zesummen ze kommen.

De lénke Ministerpresident vun Thüringen hat d’Ëmstellung a sengem Bundesland ewell virun 2 Wochen annoncéiert a war domat op nationalem Niveau, awer och a senger eegener rout-rout-grénger Koalitioun, op Kritik gestouss.