Barack ObamaTrump ass onfäeg d'Amt vum President eescht ze huelen

RTL Lëtzebuerg
De fréieren amerikanesche President Obama huet d'Trump-Regierung frontal attackéiert an dem President „Inkompetenz“ am Kampf géint Corona reprochéiert.

Vill Amerikaner hätten net misse stierwen, sou den Obama.

Den Trump hätt d’Pandemie ignoréiert an dono mat falschen Informatiounen, ouni Plang an ebe mat Inkompetenz alles nach méi schlëmm gemaach. Hie géif säi Presidenten-Amt just als „Reality Show“ notzen a wär net capabel säin Job anstänneg ze maachen.

Den Obama huet dann och en Appell un d’Wieler gemaach, sech net a falscher Sécherheet ze spieren, just well d’aktuell Ëmfroe fir de Biden positiv ausfalen. Viru 4 Joer wieren d’Pronosticken och favorabel a Richtung Hillary Clinton gewiescht, an awer hätt herno den Donald Trump d’Wale gewonnen. Wéinst deenen Ëmfrowäerter, wiere vill Mënschen net wiele gaangen, well se einfach ze bequem waren. Dat dierft sech net nach eng Kéier widderhuelen. Et war also den Opruff an d’Walbüroen ze goen, a seng Stëmm ofzeginn.

Back to Top
CIM LOGO