US-EthikagenceTrump-Fong investéiert massiv a Meta a Space X

AFP, iwwersat vun RTL
Eleng am August huet de Fong Aktie vu Meta am Wäert vu 25 Milliounen Dollar kaf.
Entreprise wéi Space X hunn Opträg vun der amerikanescher Regierung kritt a sinn direkt vu verschiddenen Decisioune vum Donald Trump betraff.
© ALEX WONG/Getty Images via AFP

Den US-President Donald Trump a seng Famill hu massiv an d'Technologieentreprisë Meta a SpaceX investéiert. Den Treihand-Fong, deen dem Donald Trump säi Privatverméige geréiert, huet eleng am August Aktie vum Instagram-Mammekonzern Meta am Wäert vu ronn 25 Milliounen Dollar kaf. Dat huet déi amerikanesch Ethik-Agence "Office of Government Ethics" en Donneschdeg matgedeelt. Dobäi kommen nach eng Kéier Space-X-Aktien am Wäert vu ronn fënnef Milliounen Euro.

Iwwerdeem huet de Fong Undeeler vun der Entreprise American Tower kaf. Dës besëtzt grouss Rechen-Zenteren a stellt Recheleeschtung fir Kënstlech Intelligenz zur Verfügung. Dobäi kommen dann nach Undeeler um Chip-Produzent Nvidia an um Software-Konzern Microsoft.

D'Demokraten hunn dem Donald Trump wéinst änlechen Transaktioune schonn an der Vergaangenheet Interessekonflikter reprochéiert. Entreprise wéi Space X hunn Opträg vun der amerikanescher Regierung kritt a sinn direkt vu verschiddenen Decisioune vum Donald Trump betraff.

Den Treihand-Fong gëtt vum Donald Trump sengem Bouf Donald Jr. geréiert.

Back to Top
CIM LOGO