Ukrain-AffärTrump fuerdert Bestrofung fir anonymmen Informant

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Trump huet den anonymmen Informant an der sougenannter Ukrain-Affär mat engem Spioun verglach a gefuerdert, dass dëse bestrooft gëtt.
© AFP

D’Zeitung “Los Angeles Times” hat en Donneschdeg eng Audiodatei publizéiert, mat Aussoe vum President wärend enger privater Renconter am amerikaneschen Diplomatenhaus. Den Donald Trump sot doranner, dass den Informant quasi wéi ee Spioun gehandelt hätt. Hien huet och d’Fro gestallt, wien dem Informant déi eenzel Informatiounen zur Verfügung gestallt huet. Och dës Persoun wier bal wéi ee Spioun, sou den US-President.

Back to Top
CIM LOGO