
Den Emmanuel Macron sot en Dënschdeg, et wier eng verpasste Geleeënheet, sollte béid Männer sech net um Bord vun der UN-Generaldebatt zu New York gesinn. Och d’Kanzlerin Angela Merkel sot, dass si et géif begréissen, wann et zu New York zu direkte Gespréicher tëscht dem Trump an dem Ruhani géif kommen. Dëse sot allerdéngs an engem Interview, dass virun enger eventueller Renconter, den Donald Trump d’Vertrauen nees misst hierstellen. Wann d’Regierung vun den USA wéilt schwätzen, missten déi néideg Viraussetzungen dofir geschaaft ginn. Um Mëttwoch schwätzt den iranesche President virun der UN-Vollversammlung.
En Dënschdeg hat de Donald Trump wärend senger Interventioun mat weidere Sanktioune gedreet. Alles an allem huet hie sech awer konziliant mat de Géigner a Konkurrente vun den USA gewisen. Amerika wier bereet, Frëndschaft ze schléissen mat all deenen, déi fir Fridden a Respekt wieren.
