USATrump schwätzt vu Putsch-Versuch

RTL Lëtzebuerg
Den US President Donald Trump huet déi géint hien ugestrieften Impeachment-Prozedur als Putsch bezeechent.

Et géif sech ëm Walbedruch handelen, sou den Trump en Dënschdeg den Owend op Twitter. Et géif probéiert ginn, de Bierger vun den USA hir Muecht ewechzehuelen. Hie kéim ëmmer méi zu der Iwwerzeegung, dass et sech ëm ee Putsch handelt.

Demokraten am Representantenhaus haten d’lescht Woch wéinst der Ukrain-Affär d’Preparative fir eng sougenannten Impeachment-Prozedur an d’Wee geleet.

Back to Top
CIM LOGO