
Den Joe Biden hätt nimools 80 Millioune Stëmme kritt. Et wär Fraude op groussen Niveau an d’Medie wéilten net doriwwer schwätzen. Beweiser dofir bleift den Trump awer nach ëmmer schëlleg. Déi meescht vu senge Plaintë goufen och vun der Geriichter zeréckgewisen. Hie géing seng Meenung déi nächst 6 Méint och net änneren.
3 Milliounen Euro huet den Donald Trump derfir bezuelt, datt d’Stëmmziedelen am Wisconsin nei ausgezielt ginn... dovunner profitéiert huet: den Joe Biden. Deem säi Virsprong ass ëm 132 Stëmme gewuess.
Den designéierten US-President Joe Biden huet sech iwwerdeems de Fouss verstaucht, wéi e mat sengem Hond gespillt huet an wäert déi nächst Woche mat engem Support um Fouss mussen trëppelen. Deemno kéint hien och bei senger offizieller Vereedegung den 20. Januar nach domadder musse goen.