
Den US-Medien no denkt den Donald Trump iwwert eng virbeugend Begnodegung fir dräi vu senge Kanner, säin Eedem Jared Kushner a säi privaten Affekot Rudy Giuliani no. Den Trump hat nach déi lescht Woch mam Giuliani iwwer eng méiglech Begnodegung vu sengem Affekot geschwat, dat schreift d’"New York Times” e Mëttwoch.
Nieft dem Affekot sollen och seng eelste Jongen Donald Junior an Eric, seng Duechter Ivanka Trump souwéi där hire Mann Jared Kushner, dee fir hien als Beroder schafft, vun enger méiglecher Begnodegung profitéieren. Den Donald Trump soll wuel fäerten, datt d’US-Justiz nom Enn vu senger Zäit als US-President géint säin Ëmfeld kéint virgoen.
Wéi d’"New York Times” schreift, war den Donald Junior an der Russland-Affär tëschenduerch an d’Viséier vum Ermëttler Robert Mueller geroden, awer ni formell beschëllegt ginn. De Kushner hat den US-Autoritéite géintiwwer an der Vergaangenheet falsch Aussoen iwwert seng Bezéiungen an d’Ausland gemaach.
Onkloer ass der “NYT” no, viru wat den Donald Trump säin anere Jong a seng Duechter schütze wëllt.
Den Trump huet als US-President d’Recht fir Begnodegungen. Hie ka verurteel Persoune begnodegen, awer och Begnodegungen en vue vu méigleche Prozesser ausschwätzen.
Et gëtt esouguer Spekulatiounen, ob sech den ofgewielten US-President virum Enn vu senger Amtszäit selwer eng Begnodegung ausstelle kéint, als Schutz viru méigleche Prozesser. Ob hien dat awer wierklech selwer ka maachen, ass ëmstridden.