Hëllef wärend der Corona-KrisTui krut staatleche Milliardekredit accordéiert

RTL Lëtzebuerg
Tui ass vun der Corona-Kris schwéier betraff. e Mëttwoch krute si den Accord, fir e Kredit an enger Héicht vun 1,8 Milliarden Euro.

Den Hëllefspak soll déi weltwäit Ausnamesituatioun iwwerbrécken, sou den Tui-Chef Joussen. D’Sue komme vun der staatlecher Förderbank KfW. D’Gespréicher lafen awer nach weider, well den neie Kredit zu deem scho bestoenden dobäikënnt.

Gutt Nouvelle ginn et iwwerdeems fir d’Tui-Clienten. Si kënnen déi fir am Mee gebuchte Reesen ouni Fraise verréckelen.

D’Touristebranche gehéiert nieft de Reesagencen an Airlines zu deene Branchen, déi d’Coronavirus-Kris och haart trëfft. Vill Länner hunn de Fluchtrafic gestoppt.

Back to Top
CIM LOGO