
Déi meescht vun de weltwäit gréisste Länner, déi Ueleg produzéieren, hu sech drop gëeenegt, d’Produktioun erofzefueren. Esou soll d’Chutte vun den Uelegpräisser gestoppt ginn.
Am Mee a Juni soll d’Produktioun deemno ëm 10 Millioune Barrel - ëmgerechent jee 159 Liter - pro Dag zeréckgefuer ginn. Vu Juli bis Dezember soll d’Produktioun dann ëm 8 Millioune Barrel all Dag ënnert dem Niveau vun elo leien.
Wéi et heescht, wier een no laangen an zéie Verhandlunge per Videokonferenz zu dëser Eenegung komm, der Opec no wier déi awer nach net sécher ofgeschloss. Fir dass se a Kraaft triede kann, muss Mexiko nach säin Accord ginn. Mexiko ass awer deen eenzege groussen Uelegstaat, dee sech nach net un den Diskussioune bedeelegt huet.
E Freideg ass eng Telefonskonferenz vun de G20-Energieminister, bei där och d’Thema Uelegmaart eng Roll spillen dierft.
