Juristesch SuittenUklo géint fréiere President Trump wéinst Stuerm op Kapitol

RTL Lëtzebuerg
De Stuerm op d'Kapitol zu Washington am Joer 2021 kritt juristesch Konsequenze fir den Donald Trump. Den Ex-US-President gouf nämlech offiziell ugeklot.
© AFP/Joed Viera

D’Uklo a véier Punkten, ënnert anerem wéinst Conspiratioun géint de Staat, gouf en Dënschdeg vum Spezial-Enquêteur Jack Smith virgeluecht. Den Trump muss e Mëttwoch den Owend eiser Zäit virun e Bundesgeriicht zu Washington, wou him d’Reprochen erkläert ginn. Fir zwee vun de Punkten op der Uklo kéinten et Prisongsstrofe vu bis zu 20 Joer ginn.

An dem 45 Säite laangen Dokument ass ënnert anerem rieds vum Trump sengem “kriminelle Plang”, deen hien den 3. November 2020 an d’Weeër geleet hätt. Hien hätt mat der Verschwierung d’Ofsicht gehat, “déi legitim Resultater vun der Presidentschaftswal 2020 ze kippen”, andeems hien “wëssentlech falsch Virwërf vu Walbedruch” vu sech ginn hätt.

De 6. Januar 2021 hate rosen Trump-Sympathisante jo d’Kapitol gestiermt, a probéiert, déi offiziell Annonce vun der Wal-Victoire vum Joe Biden am Senat ze verhënneren. Fënnef Leit waren deemools ëmkomm. Dem Trump säin Team weist bis haut all Schold vu sech.

D’Leit, déi um Stuerm vum Kapitol deelgeholl hunn, wieren “duerch Ligen ugehetzt” ginn, esou de Spezial-Ermëttler. Dem Trump säi fréiere Vizepresident Mike Pence sot an enger Reaktioun op d’Nouvelle, d’Uklo géint den Donald Trump wier eng “wichteg Erënnerung”. Aus dem Wäissen Haus gouf et bis ewell nach keng Reaktioun.

Back to Top
CIM LOGO