Ukrainesche President fuerdert„Ukrain soll an d'Europäesch Unioun opgeholl ginn“

RTL Lëtzebuerg
Hien hätt och scho mam EU-Rotspresident Charles Michel iwwer weider Hëllef an den heldenhafte Kampf vun den Ukrainer fir eng fräi Zukunft diskutéiert.

“Et ass en entscheedende Moment, fir déi Diskussiounen, déi zanter Joren undaueren, ee fir allemol op en Enn ze bréngen an iwwert d’Memberschaft vun der Ukrain an der EU ze decidéieren, huet de Selenskyj getwitter.

Bis ewell huet eng Memberschaft vun der Ukrain an der EU als “ausgeschloss” gegollt. Esou ee Schratt dierft zudeem Experten no eng méiglech Eenegung mat Russland onméiglech maachen.

D’Fro, ob d’Ukrain Member vun der EU sollt ginn, hat 2014 zu Masseprotester an der Ukrain gefouert, an där Suitte de prorussesche President Viktor Janukowitsch gestierzt gouf. An der Suitte hat Russland jo d’Hallefinsel Krim ageholl an am Oste vun der Ukrain war e Krich ausgebrach.

Back to Top
CIM LOGO