Am Abrëll gouf et scho virgezunnen Neiwalen. Eng Majoritéit koum net zustanen a sou gëtt elo nees ofgestëmmt.
Iwwer 6,3 Millioune Mënsche waren opgeruff bis en Dënschdeg den Owend hir Stëmm ofzeginn, an engem Land, dat gespléckt ass a wou sech och dës Kéier keng kloer Majoritéit ofzeechent.
D’Begeeschterung, fir elo nees wielen ze goen hält sech bei villen Israeli a Grenzen. D’Ëmfroe gesi weider kee klore Favorit. Et geet drëms, wien et besser fäerdeg bruecht huet, seng Wieler ze mobiliséieren: De Benjamin Netanjahu a seng Likud-Partei oder den Erausfuerderer Benny Gantz mat senger Lëscht Blo-Wäiss.
An de Sondage kommen déi zwee Lager op gläich vill Stëmmen.
Decisiv dierft d’Ofschneide vum Avigdor Lieberman senger Partei sinn. De fréiere Verdeedegungsminister wollt net méi mam Netanjahu zesumme schaffen, dowéinst war d’Koalitioun ausernee gebrach, an och no de Walen am Abrëll huet de Lieberman eng Koalitioun refuséiert.
Wee krut also seng Wieler besser iwwerzeegt? Bis en Dënschdeg den Owend 21 Auer eiser Zäit hunn d’Walbüroen op. D’Walbedeelegung louch am Fréijoer bei 68%, elo kéint et nach manner sinn.
Déi politesch Landschaft an Israel ass traditionell a vill, an dacks kleng Parteien opgespléckt. 31 Lëschte trieden un. De Chef vun der stäerkster Partei kritt normalerweis de Regierungsoptrag a muss eng Koalitioun op d’Bee stellen.
Néideg ass eng Majoritéit vun 61 vun den 120 Sëtz am Parlament, der Knesset. D’Mëtt-Riets-Lager gëtt vum Netanjahu ugefouert, d’Mëtt-Lénks Lager vum fréieren Arméichef Benny Gantz. Déi reliéis Parteie suerge fir eng Majoritéit. De Lieberman a seng Partei hu sech déi Kéier weder lénks nach riets positionéiert, ginn also als sougenannte „Königsmacher“ gehandelt.
An de leschte Wochen hu souwuel den Netanjahu wéi och de Gantz versicht d’Wieler z’iwwerzeegen. An deem Kontext ass och dem Netanjahu säi Verspriechen ze gesinn, am Fall vun enger Victoire Deeler vum Westjordanland wëllen annektéieren.
Decisiv wäert um Dënschdeg sinn, wien am meeschte konnt seng Wieler mobiliséiere fir wielen ze goen...an net nëmme vum fräien Dag ze profitéieren. All Wal ass fir Israel eng Schicksalswal... nëmme mat zwee Noperen, Jordanien an Ägypten gëtt et e Friddensvertrag.