No US-Militärasaz a VenezuelaNicolás Maduro e Méindeg virun US-Bundesgeriicht zu New York erwaart

RTL Lëtzebuerg
De venezuelanesche President Nicolás Maduro, dee vun den USA an der Nuecht op e Samschdeg festgeholl gouf, wäert e Méindeg eng éischte Kéier an den USA viru Geriicht kommen.
© -/AFP

Um fréie Méindegowend eiser Zäit huet de venezuelanesche Staatschef Maduro Rendez-vous zu New York beim zoustännege Bundesgeriicht. Géint hie gëtt et ënner anerem de Reproche vun Drogen-Terrorismus. D’USA geheien him vir, säin Amt, dat hien illegal ergraff hätt, mëssbraucht ze hunn, fir dausenden Tonne Kokain an d’USA ze schmuggelen. De Maduro hätt sech dodrun och selwer beräichert a wier Allianze mat Drogendealer agaangen, heescht et vu Washington. Och seng Fra a säi Bouf si mat ugeklot, genee wéi och de fréieren an den aktuelle venezuelaneschen Inneminister.

Déi nei Regierung zu Caracas, ënnert der Leedung vun der Presidentin faisant-fonction Delcy Rodríguez, weist sech iwwerdeems mëttlerweil zu enger Zesummenaarbecht mat den USA bereet. Et géif ee Washington invitéieren, fir zesummen un enger Kooperatiounsagenda ze schaffen, déi, am Kader vum Vëlkerrecht, en dauerhaft Zesummeliewen an der Gemeinschaft stäerkt, heescht et an engem Message op de soziale Medien. “Eis Vëlker an eis Regioun brauche Fridden an Dialog, kee Krich” an dat wier och schonn ëmmer d’Positioun vum President Maduro gewiescht, steet weider an hirem Message.

Donald Trump dreet och Kolumbien

Wéi den US-President betount, kéint hie sech och e Militärasaz géint d’kolumbianesch Regierung virstellen. D’Land wier “immens krank, regéiert vun engem kranke Mann, dee gär Kokain hierstellt an et an d’USA verkeeft, an dat wäert hien och nach laang maachen”, sou den Trump viru Journalisten u Bord vun der Air Force One. Domat ass de kolumbianesche President Gustavo Petro viséiert.

Kritik um Virgoe vun den USA kënnt iwwerdeems aus China. Et géif een net acceptéieren, dass eng Natioun op eemol mengt, Welt-Riichter ze sinn, sot den Ausseminister Wang Yi. D’Souveränitéit vun alle Länner misst no internationalem Recht geschützt sinn.

An dëser Affär kënnt den UNO-Weltsécherheetsrot um 16 Auer eiser Zäit fir eng Spezial-Sitzung zesummen.

Angscht virun Annexioun vu Grönland wiisst

De Bléck vum US-President Trump geet aus Venezuela dann och schonn a Richtung Grönland. Et bréicht ee Grönland onbedéngt, aus Grënn vun der nationaler Sécherheet. D’Insel wier vu grousser strateegescher Bedeitung huet den Trump e Sonndeg den Owend nach emol géintiwwer Journalisten widderholl.

Och der EU wier mëttlerweil kloer, dass d’USA Grönland besëtze sollten, esou eng vu senge Behaaptungen, déi an Dänemark iwwerhaapt net gutt ukommen, mä ganz schaarf kritiséiert ginn. Déi dänesch Premierministesch Frederiksen widderhëlt, dass Grönland guer net zum Verkaf stéing an, dass d’US-Regierung ophale sollt, mat hire Menace géint en historeschen Alliéierten.

D’Regierungscheffe vu Schweden, Norwegen a Finnland hu sech solidaresch hanner Dänemark gestallt, just Kopenhagen a Grönland selwer hätten e Recht, iwwer Saachen, déi si betreffen, ze decidéieren.

Back to Top
CIM LOGO