
Zanter dem Ufank vum Joer 2025 ass Venezuela ëmmer méi an de Fokus vun der US-Aussepolitik geréckelt. D’Regierung vum US-President Donald Trump geet gläich op e puer Fronte géint de südamerikanesche Staat vir. Sief duerch militäresch Presenz virun der Küst, Attacken op venezuelanesch Schëffer, ekonomeschen Drock – oder rezent d’Festnam vum President Maduro. D’Fro stellt sech: Firwat ausgerechent Venezuela?
Déi lescht Kéier, datt d’USA e Land a Latäinamerika militäresch invadéiert hunn, war 1989 a Panama. D’Fro, déi ee sech däerf stellen - ass de Venezuela elo dat nächst Zil?
Der Meenung vu verschiddenen Experten no ass d’Menace, déi vu Venezuela ausgoe soll, virun allem politesch opgebaut. De venezuelanesche President Nicolás Maduro gëtt vu Washington beschëllegt, am Trafiquéiere vun Drogen an an anere kriminelle Netzwierker verwéckelt ze sinn. Beweiser dofir géifen awer feelen.
De venezuelaneschen Auteur a Journalist Boris Muñoz weist drop hin, datt Venezuela zwar als Transitland fir Kokain déngt, dëse gréisstendeels awer a Kolumbien produzéiert gëtt an éischter Richtung Europa geet. De Fentanyl – deen den Trump dacks als Argument benotzt – kënnt haaptsächlech aus Mexiko, mat cheemesche Komponente aus China. De Pretext, fir eng Eskalatioun wéinst “Drogen"wier – verschiddenen Acteuren no - also schwaach.
Och d’Sécherheetsexpertin Annette Idler vun der Universitéit Oxford vun Oxford huet déi lescht Méint ëmmer nees betount, datt vill vun den US-Virwërf net ze beleeë wieren. Et géife keng Beweiser ginn, datt Caracas d’Migratioun a Richtung USA geziilt als politescht Instrument benotzt, nach datt kriminell Gruppéierungen zentraliséiert vum Maduro-Regimm gesteiert ginn.
Eng aner Theorie gëtt vun der venezuelanescher Politik opbruecht. Den Drock op Venezuela wier virun allem en Ëmwee, fir Kuba ënner Drock ze setzen. De US-Ausseminister Marco Rubio, selwer vu kubanescher Ofstamung, gëllt als haarde Géigner vum Regimm zu Havanna. Venezuela ass zanter Joren ee vun de wichtegsten Ueleg-Liwweranten a ekonomesche Piliere vu Kuba.
US-Sanktioune géint Caracas hunn d’Uelegliwwerungen u Kuba schonn däitlech reduzéiert. E Regimmwiessel a Venezuela kéint also indirekt och d’kubanesch Regierung schwächen.
Ma Venezuela gëllt och als geopolitesch interessant. D’Land huet enk Bezéiunge mat Russland, China an dem Iran. Moskau liwwert zanter Jore militäresch Technologie. China ass dee gréissten Investisseur vum Land – tëscht 2007 an 2015 hunn d’Chineesen eleng 50 Milliarden Dollar Kreditter u Venezuela ausbezuelt, fir Ueleg an Eisenäerz Exporter ze promouvéieren. Den Iran ass a verschiddenen ekonomeschen a militäresche Projeten involvéiert.
Vill Observateure gesinn an der US-Strategie eng nei Interpretatioun vun der Monroe-Doktrin. Aus der Ried vun der Natioun vum fréieren US-President James Monroe vu 1823. Heescht: Amerika den Amerikaner a Latäinamerika als exklusiv Aflosssphär vun den USA. An dat kéint theoretesch och funktionéieren, well vill Experten bezweifelen, datt Russland oder China am Fall vun enger gréisserer Eskalatioun militäresch agräife géifen. Venezuela ass fir si zwar wichteg, mee net strategesch entscheedend.
Venezuela ass am Besëtz vun de gréissten Uelegreserven op der Welt – nach viru Saudi-Arabien. Trotzdeem gesinn Experten den Ueleg net als Haaptmotiv fir eng méiglech Eskalatioun. D’Infrastrukturen am Venezuela sinn al an d’Produktioun wäit ënner hirem Potenzial.
Den Zougang zu venezuelaneschem Ueleg kéint och iwwer Diplomatie an enger ekonomescher Kooperatioun erreecht ginn – net onbedéngt iwwer militäresch Mëttel. Ueleg eleng erkläert also net onbedéngt den Drock aus Washington.
An der Bevëlkerung selwer ass d’Situatioun ambivalent. Vill Venezuelaner wëlle keen auslänneschen Militärasaz, mee gläichzäiteg e kloren Enn vum Maduro-Regimm. Zuele vun der Oppositioun no hu bei de Wale 2024 ronn 70 Prozent fir den Oppositiounskandidat Edmundo González Urrutia gestëmmt.
D’Oppositioun ronderëm d’María Corina Machado gëllt bei villen als legitim Alternativ. Ob e Regimmwiessel – besonnesch duerch militäresch Mëttel – wierklech Stabilitéit brénge kéint, bleift awer héich ëmstridden.
Experte warnen: Venezuela ass e fragille Staat, mat arméierte Milizen, kriminelle Gruppen a villen auslänneschen Acteuren um Terrain. Eng militäresch Interventioun mat Buedemtruppen kéint séier ausser Kontroll geroden. Ouni e klore Plang fir “den Dag dono” riskéieren d’USA d’Land nach méi an de Chaos ze stierzen.
Wat bleift, ass eng geféierlech Mëschung aus geopolitesche Interessien, ideologesche Motiver an enger Populatioun, déi no Verännerung freet – mee den héije Präis vun enger Eskalatioun – aus dem Passé - schonn ze gutt kënnt.