
Dat sot den US-President Donald Trump e Samschdeg virun der Press. D’Chifferen, esouwuel vun den Infizéierten, wéi vun den Doudegen duerch de Coronavirus klammen immens séier an den USA. Zu New York gëtt sech den Ament op den Héichpunkt vun der Kris preparéiert.
D’Metropol gëllt an der Tëschenzäit bannent den USA als Epizenter vun der Kris mat iwwer 120.000 Fäll. Bannent 24 Stonnen sinn e Sonndeg 594 Mënschen un der Longekrankheet gestuerwen, dat huet de Gouverneur annoncéiert. Am Central Park zu New York goufe grouss wäiss Zelter opgeriicht, fir d’Spideeler z’entlaaschten.
Enkpäss, wat d’Beootmungsapparater uginn, ginn et esouwuel zu New Orleans wéi och zu Chicago.
Ronn 90% vun den US-Amerikaner sinn opgeruff, doheem ze bleiwen. Allerdéngs ginn et och nach ëmmer 8 Bundesstaaten, déi keng Aschränkunge fir d’Bierger annoncéiert hunn.
Ëm 340.000 Amerikaner goufe positiv op de Coronavirus getest an offizielle Chifferen no wiere ronn 10.000 Mënschen um COVID-19 gestuerwen. Experten zweiwelen allerdéngs un dësen Zuelen, well warscheinlech schonn Enn Februar an Ufank Mäerz Leit der Longekrankheet zum Affer gefall sinn, ouni dat dës als Corona-Affer erkannt goufen. Laang wier de Coronavirus an den USA ënnerschat ginn, heescht et vun Experten.
Den ieweschte Gesondheetbeamten an den USA, de Jerome Adams, huet virdru gewarnt, datt elo immens schwéier Deeg op d’USA duer kéimen. Hien huet Vergläicher mat Pearl Harbor an 9/11 gemaach a betount, datt den Ënnerscheed dozou wier, datt sech de Virus net op eng Plaz an den USA limitéiere géif.
Jerome Adams: “This is going to be our Pearl Harbor moment, our 9/11 moment, only it’s not going to be localized, it’s going to be happening all over the country and I want America to understand that,” Vice Admiral Jerome Adams said on “Fox News Sunday.”
Matzen an der Corona-Kris klëmmt an den USA iwwerdeems de Verkaf vu Waffen. Dem FBI no goufe geschaten 2,5 Millioune Waffen am Mäerz verkaf, wat knapp 85% méi ass wéi an der nämmlechter Period zejoert. Als Erklärung fir déi massiv Hausse gëtt d’Angscht virun Onrouen am Land genannt.
