Op d'Motore geschossUS-Kampfjette blockéiere Cargo-Schëff am Golf vun Oman

RTL Lëtzebuerg
D'USA hunn iwwerdeems all anert Schëff am Golf opgefuerdert, d'Warnungen am Zesummenhang mat der Blockad vun der Strooss vun Hormus ze respektéieren.
Schëffer am Golf vun Oman.
Schëffer am Golf vun Oman.
© -/AFP

Den US-Militär huet am Golf vun Oman e Cargo-Schëff gestoppt. D'Schëff soll versicht hunn, eng Séiblockad géint den Iran ze duerchbriechen. Wéi den US-Zentralkommando Centcom matdeelt, hätt doropshin en amerikanesche Kampfjet den hënneschten Deel vun der "Ocean Molica" mat Präzisiounsmunitioun getraff an doduerch de Motor vum Schëff ausser Gefecht gesat.

D'US-Amerikaner hunn all d'Schëffer am Golf vun Oman an an den Zoufaarten zur Strooss vun Hormus opgefuerdert, d'Warnungen am Zesummenhang mat der Séiblockad ze respektéieren. D’Attacken op Tanker haten nämlech d'lescht Woch den héchste Stand zanter dem Ufank vum Krich erreecht.

Back to Top
CIM LOGO