US-MedienNet geheimt Material vu Cyberattack op CIA-Systemer betraff

RTL mat AFP
Rezent koum et ëmmer nees an den USA zu technesche Problemer, gréisseren Ausfäll oder esouguer Cyberattacken.

No enger Serie vun techneschen Ausfäll bei wichtegen US-Institutiounen hat et Medien no eng Hackerattack op Systemer vum US-Auslandsgeheimdéngscht CIA an der Nationaler Geheimdéngschtdirektioun - kuerz Odni- ginn. Wéi d'New York Times en Dënschdeg gemellt huet, goufe bei Virfall bei den zwou Autoritéite verschidden Informatiounen, déi awer net als geheim deklaréiert waren, verëffentlecht. D'Attacken, déi viru kuerzem ëffentlech gemaach goufen, hate wuel en Open-Soruce-System, wat fir d'Analyséiere vun Informatioune genotzt gëtt, am Viséier.

Dobäi handelt et sech ëm e Computernetzwierk, dat ëffentlech zougänglecht awer net als geheim deklaréiert Material no relevanten Informatiounen duerchsicht. D'Zeitung mellt, andeem se sech op Regierungsvertrieder a Leit, déi mat der Affär vertraut sinn, datt geheimt Material ni a Gefor gewiescht wier. D'New York Times zitéiert e Vertrieder vun Odni mat der Ausso, datt et zu kenger Beanträchtegung vu kritesche Funktioune komm wier. D'CIA selwer huet awer all Ufro, fir Stellung ze huelen, ofgeleent.

Just e puer Deeg, nodeem ëffentlech gemaach gouf, datt den US-Landwirtschaftsministère wéi och den Inlandsgeheimdéngscht FBI vu Cyberattacke viséiert waren, koum dann och d'Affär ëm d'CIA eraus. Den US-President Donald Trump hat e Samschdeg op Nofro iwwer d'Attack den FBI gesot, datt hie kuerz virdrun driwwer informéiert gi wier. "Ech ka just soen Dat ass net gutt. Dat gefält mir net", esou den President géintiwwer Fox News.

D'Virfäll komme wärend enger Phas, an deen et an den USA ëmmer méi zu technesche Stéierungen a Systemausäll koum. No Problemer bei der Fluchsécherung goufe rezent dausende vun Inlandsflich gestrach. Och d'Bezuele mam Handy war deelweis just limitéiert méiglech. Weider koum et och bei Microsoft zu gréisseren Ausfäll. Betraff waren hei ënner anerem den E-Mail-Programm Outlook, dee vu Millioune User weltwäit genotzt gëtt. Esouguer e streng vertraulecht Kommunikatiounsnetzwierk vum US-Geheimdéngscht NSA war der Autoritéit selwer no betraff.

Als Resultat vun dësen Attacken an der ëmmer méi schaarfer Kritik dowéinst, hat d'Wäisst Haus leschten Donneschdeg de Chef fir Cybersécherheet Sean Cairncross entlooss. De Poste gëtt aktuell am Interim vun der IT-Cheffin aus dem Verdeedegungsministère Kirsten Davies iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO