
Et wëll een d’Insel, déi jo zu Grönland gehéiert, onbedéngt ënner amerikanesch Kontroll bréngen, noutfalls och mam Asaz vum Militär, heescht et mëttlerweil aus dem Wäissen Haus. Et géif eng Rei vun Optiounen ginn, mä e Militärasaz wier och eng Méiglechkeet.
Grönland selwer, dat sech gréisstendeels jo autonom regéiert, awer offiziell zu Dänemark an domat och zu der NATO gehéiert, seet sech skandaliséiert iwwert esou Aussoen. Och d’Dänen siche Support an en Dënschdeg gouf zu Paräis och vu méi Länner eng Deklaratioun ënnerschriwwen, wou sech op d’Säit vu Kopenhagen gestallt gëtt, an wou explizitt drasteet, dass Grönland sengem Vollek gehéiert. Och Lëtzebuerg huet dat mat ënnerschriwwen.