
De Beroder vum US-President Donald Trump an der Corona-Pandemie, de Virolog Anthony Fauci, huet confirméiert, dass d’USA an der Corona-Kris ze spéit reagéiert hunn. Et hätte Liewe gerett kënne ginn, wann ëffentlech Gebaier éischter zou gemaach gi wieren. Dat sot hie géintiwwer CNN. Et wär uganks grousse Widderstand géint dës Mesure ginn.
Beroder vum President sollen, verschiddene Medien no, schonn Enn Januar virun enger Corona-Pandemie gewarnt hunn, déi zu honnertdausenden Doudesaffer kéint féieren. De President selwer huet allerdéngs nach bis uganks Mäerz ëffentlech behaapt, et géif kee Grond sech wéinst deem Virus Suergen ze maachen.