Reaktioun op d'LoftattackenUSA schécken weider Zaldoten a Loftofwierrakéiten a Saudi-Arabien

RTL Lëtzebuerg
Als Reaktioun op d'Loftattacken op 2 saudiarabesch Pëtrolsraffinerie schécken d'USA 200 zousätzlech Zaldoten souwéi Loftofwierrakéiten a Saudi-Arabien.
© AFP

Wéi de Pentagon en Donneschdeg matgedeelt huet, géif domat d’Protektioun vu wichtege militäreschen an zivillen Infrastrukture verstäerkt ginn. D’USA maachen den Iran fir d’Loftattacken vu Mëtt September responsabel. Teheran weist d’Reprochen allerdéngs zeréck. D’Attacke ware vun de schiiteschen Huthi-Rebellen aus dem Jemen revendiquéiert ginn, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO