
Dëse Schrëtt gëllt als weider Reaktioun op eng déidlech Attack op zwee Nationalgardisten zu Washington, déi presuméiert vun engem Mann aus Afghanistan gemaach gouf.
De Stopp betrëfft all déi Länner, géint déi den US-President Donald Trump am Juni schonn Arees-Beschränkunge verhaangen hat. No der Attack vu Washington e Mëttwoch déi lescht Woch hat d’Regierung hir Migratiounspolitik nach eemol verschäerft. Ënner anerem goufen e Freideg vun der Immigratiounsagence (USCIS) all d’Asylprozeduren ausgesat, bis ee sécherstelle kéint, datt “all Auslänner sou grëndlech wéi méiglech iwwerpréift a kontrolléiert gëtt”, sou de Chef vun der Agence Joseph Edlow.
De Stopp soll fir follgend Länner gëllen: Afghanistan, Haiti, Iran, Somalia, Venezuela, Burundi, Chad, Kuba, Äquatorialguinea, Eritrea, Laos, Libyen, Myanmar, Kongo, Sierra Leone, Sudan, Togo, Turkmenistan, Jemen.