
Dat entsprécht enger Reduktioun vu 40%. Wéi et weider vum Ausseministère heescht, géife sech d’USA weiderhin dozou engagéieren, Flüchtlingen ze ënnerstëtzen. Wichtegst Aufgab wier awer déi, déi amerikanesch Bierger ze protegéieren. Aktuell wier den amerikaneschen Immigratiounssystem iwwerlaascht.
Zanter 1980 goufe Flüchtlingen aus UN-Lager an der ganzer Welt ausgewielt a konnte sech an den USA néierloossen. Déi iewescht Grenz vun 18.000 Flüchtlinge fir d’Joer 2020 wier déi niddregst an der Geschicht vun dësem Programm.