TrumpUSA wëlle kee Krich mam Iran, ma et wier ee preparéiert

RTL Lëtzebuerg
Den US President Trump geet weiderhin dovun aus, dass den Iran hannert den Attacken op Pëtrolsraffinerien a Saudi-Arabien stécht.

Et géif dono ausgesinn, sou den Donald Trump am Wäissen Haus. Hien huet am selwechten Otemzuch betount, dass d’USA kee Krich mam Iran wéilten. Et wier een awer op ee Konflikt preparéiert. Et hätt sech ëm eng grouss Attack gehandelt, sou den US President. Op sou eng Attack kéinten d’USA ganz einfach an nach mat enger vill méi grousser Attack reagéieren. Elo misst awer mol fir d’éischt gekläert ginn, wien dofir responsabel ass, sou den Donald Trump. D’Enquêtë sinn am Gaangen.

Saudi-Arabien huet iwwerdeems d’Vereenten Natiounen an international Experten invitéiert, fir bei den Enquêten matzeschaffen. Wéi et vum Militär an dem saudeschen Ausseministère heescht, wieren e Samschdeg iranesch Waffe benotzt ginn. Zil vun der Attack wier an éischter Linn déi international Energieversuergung gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO