
Den ëffentlechen Interessi war grouss. An der norditalieenescher Metropol Mailand ware sëllege Mënschen zesummekomm, fir beim Begriefnis vum Achille Barosi a Chiara Costanzo Undeel ze huelen. Am norditalieenesche Bologna gouf den Giovanni Tamburi bäigesat an an der Haaptstad Roum de Riccardo Minghetti. Déi 4 Jugendlech haten eréischt 16 Joer.
D’Basilika Santa Maria delle Grazie zu Mailand war därmoossen iwwerfëllt, dass sëllege Leit virum Gebai hu misse waarden. Wéi de Sarg mam jonke Meedchen aus der Kierch gedroe gouf, hunn d’Mënschen ugefaangen, z’applaudéieren. Dat ass bei Begriefnisser an Italien mat groussem ëffentlechen Interessi üblech. De Papp vum Chiara Costanzo sot bei der Trauerfeier, Italien hätt eng “bemierkenswäert Mënschlechkeet a Sensibilitéit bewisen”. Elo misst d’Brandkatastroph awer “komplett opgekläert” ginn.
D’Feier war an der Silvesternuecht an der Bar “Le Constellation” am bei Touriste beléifte Crans-Montana an der Schwäiz ausgebrach. Do hunn deen Ament vill jonk Leit an d’neit Joer eragefeiert. 40 Persounen sinn ëm d’Liewe komm, 116 goufen deels ganz uerg blesséiert. D’Hallschent vun den Doudesaffer war mannerjäreg, dat jéngst Doudesaffer grad emol 14 Joer jonk, dat eelst 39.
Antëscht sinn all d’Affer a Blesséiert identifizéiert. A Méindeg den Owend goufen nach ëmmer 83 Blesséierter a Spideeler behandelt, vill dovu mat schwéiere Verbrennungen. Den Ermëttlungen no ass d’Feier duerch Späizmännercher, déi u Schampesfläsche fixéiert waren, ausgeléist ginn. Dës waren ze no widder de Plaffong aus Schaumstoff gehale ginn. De Parquet beschäftegt sech ënner anerem mat der Fro, ob dee Stoff, deen d’Bar schallisoléiert huet, de Virschrëften entsprach huet.