20. Dag Ukrain-KrichVéierten EU-Sanktiounspak géint Russland a Kraaft

RTL Lëtzebuerg
D'Regierungscheffe vu Polen, Tschechien a Slowenien wëllen op Kiew reesen, fir dem Selenskyj de Support vun der EU ze versécheren.
© AFP

Et ass definitiv déi gréisste Flüchtlingswell an Europa zanter dem 2. Weltkrich. Der UNO no hu mëttlerweil méi wéi 3 Milliounen Leit aus der Ukrain hir Heemecht verlooss, dorënner eng Millioun Kanner. Eleng a Polen goufen 1,7 Millioune Leit registréiert.

Der Unicef no gëtt all Sekonn e Kand zum Flüchtling. D’russesch Truppe sti ronderëm Kiew. Vun en Dënschdeg den Owend u gëllt wéinst grousser Gefor fir 36 Stonnen eng Ausgangsspär. Trotzdeem reesen d’Regierungscheffe vu Polen, Tschechien a Slowenien an d’ukrainesch Haaptstad, fir de President Selenskyj an de Premier Schmyhal ze begéinen.

Zil vun der Visitt wier et, d’Ënnerstëtzung vun der ganzer EU fir d’Souveränitéit an d’Onofhängegkeet vun der Ukrain z’ënnersträichen an e breeden Hëllefspak fir den ukrainesche Staat an déi ukrainesch Gesellschaft ze presentéieren, heescht et an enger Deklaratioun vu Warschau.

Deemno ass d’Rees vum Mateusz Morawiecki, Petr Fiala a Janez Jansa an Zesummenaarbecht mam EU-Rotspresident a mat der Kommissiounspresidentin organiséiert ginn an déi 3 Politiker representéieren den EU-Rot zu Kiew.

Déi russesch Bombardementer op strateegesche Plazen an der Ukrain ass och an der Nuecht op en Dënschdeg weidergaangen. An der Stad Riwne am Nordweste vum Land gouf de Fernseetuerm beschoss. Dobäi wieren op d’mannst 9 Leit ëmkomm, sot de Gouverneur op der Plaz.

An der belagerter Hafestad Mariupol zeechent sech weider eng Katastroph of. Honnertdausenden Ziviliste sinn nach ëmmer do blockéiert, zanter Deeg gëtt et kee Stroum a keen Drénkwaasser méi. D’Stad wier komplett vu russeschen Truppen agekesselt an et géif och ëmmer nees nei Rakéitenattacke ginn, mellt déi ukrainesch Arméi. Méi wéi 2.000 zivil Affer hätt et an der Stad mëttlerweil ginn. En Hëllefskonvoi mat 100 Tonne Liewensmëttel, Waasser a Medikamenter géif zanter Deeg net an d’Stad duerchgelooss ginn. De lokalen Autoritéiten no sinn zu Mariupol op d’mannst 2.357 Mënschen zanter dem Ufank vum Krich ëm d’Liewe komm.

Och en Dënschdeg gëtt op en Neits versicht, Zivilisten iwwer 9 Korridoren aus de Krichsgebidder erauszekréien. E Méindeg haten der Ukrain no just 7 vun 10 Fluchtkorridore funktionéiert.

Neie Sanktiounspak géint Russland

E Dënschdeg trëtt de véierten EU-Sanktiounspak géint Russland a Kraaft, iwwert dee sech de Conseil d’lescht Woch zu Versailles eens gouf. Villes war scho gewosst, nei ass awer, datt Ratingsagence Russland a russesch Entreprisen net méi bewäerten dierfen. Och Groussbritannien huet en Dënschdeg nei Sanktiounen annoncéiert, ënnert anerem en Importverbuet fir Vodka.

Iwwerdeems ginn och d’Gespréicher tëscht der Ukrain a Russland per Videokonferenz virugefouert. Vun engem Beroder vum Selenskyj heescht et, et kéint ee bis Mee e Friddensofkommes fannen, wärend déi russesch Säit sech mat Pronosticken zeréckhält. D’Diskussioune e Méindeg hu keen Duerchbroch erreecht, ma de President Selenskyj huet an engem Video an der Nuecht vun zimmlech gudde Gespréicher geschwat.

“Ech hu mat der Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen geschwat. Mam polnesche President Andrzej Duda. Mam Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel. Mir sinn 100 Prozent op enger Linn. D’Gespréich mam israelesche Premier Bennett war och wichteg, als Deel vun eisen Negociatioune fir dësem Krich sou séier wéi méiglech en Enn ze setzen, mat engem faire Fridden. Eis Delegatioune schaffen un den Negociatioune mat Russland. Zimmlech gutt, krut ech gesot. Mee mol kucken.”

Den ukrainesche President huet och deene Russe Merci gesot, déi sech géint hir Regierung wieren a besonnesch enger Fra, déi e Méindeg op der éischte russescher Tëleeschaîne géint de Krich demonstréiert huet.

D’Marina Ovsyannikova ass wärend der Live-Noriichtesendung virun d’Kamera gelaf an huet eng Affiche gewisen, op där stoung “Stoppt de Krich”. An engem Video, deen d’Mataarbechterin vum Sender am Virfeld opgeholl hat, sot si, dat wat an der Ukrain géing geschéien, wier e Crime an dofir géing et just ee Responsabele ginn, de Vladimir Putin.

“Mäi Papp ass Ukrainer, meng Mamm ass Russin. Si waren ni Feinden. Russland muss direkt mat dësem bruddermäerdereche Krich ophalen. Eis verbriddert Natioune kënnen dann nach ëmmer Fridde schléissen. Leider hunn ech an deene leschte Joren, an deenen ech fir de Perwy Kanal geschafft hunn, Kreml-Propaganda verbreet an dofir schummen ech mech zudéifst.”

Si huet d’Russen opgeruff, demonstréieren ze goen - et kéint net jiddereen an de Prisong agespaart ginn. Si gouf duerno festgeholl an ass an Untersuchungshaft.

Channel One ass dee Sender a Russland, deen am meeschte Leit kucken, ëmmerhin 250 Milliounen weltwäit.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO