Amoklaf op US-Elite-UniVerdächtegte Portugis dout opfonnt, USA setze "Green-Card-Lotterie" aus

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Den 48 Joer ale presuméierten Täter aus Portugal soll am Joer 2017 duerch d'Green-Card-Lotterie an d'USA agereest sinn. Elo huet d'US-Regierung de ganze Programm ausgesat.
Nach den tödlichen Schüssen an der US-Eliteuniversität Brown ist der Tatverdächtige tot aufgefunden worden. Der 48-jährige Portugiese wird auch verdächtigt, einen Professor am renommierten Massachusetts Institute of Technology (MIT) erschossen zu haben.
© AFP/Archiv

No den déidleche Schëss op der US-Elite-Universitéit Brown mat zwee Doudegen an néng Blesséierten ass elo de presuméierten Täter doudeg fonnt ginn. “Hien huet sech haut den Owend d’Liewe geholl”, sou de Policechef vun der Stad Providence en Donneschdeg den Owend. Den 48 Joer ale Portugis, deen un der Brown University Physik studéiert hat, gëtt och verdächtegt, e Proff vum renomméierte Massachusetts Institute of Technology (MIT) erschoss ze hunn.

Wéinst dësem Virfall huet d’US-Regierung gläichzäiteg annoncéiert, an Zukunft déi sougenannt Green-Card-Lotterie auszesetzen. D’Heemechtschutz-Ministesch Kristi Noem huet dës Decisioun domat begrënnt, datt de verdächtege Portugis 2017 iwwert dëse Programm an d’USA agereest wier. “Dësen abscheileche Mënsch hätt nimools dierfen an eist Land gelooss ginn.”, sou d’Noem. D’Green-Card-Lotterie ass ee Programm, mat deem zanter 1990 all Joer 55.000 dauerhaft Openthalts- an Aarbechtsgeneemegungen u Mënschen aus Länner mat engem geréngen Awanderungstaux verdeelt goufen. Fir sech dofir ze qualifizéieren, hunn d’Kandidatinnen a Kandidaten e Schoulofschloss gebraucht, dee mat engem High-School-Ofschloss ze vergläichen ass, oder soss eng Ausbildung a Beruffserfarung. Och en Iwwerpréiwungs-Verfare mat engem Interview war deel vum Opnam-Prozess.

De portugiseschen Tatverdächtegte war e Samschdeg mat enger Waff an d’Fakultéit fir Ingenieurswiesen a Physik gelaf, wou grad Prüfunge geschriwwe goufen. Dobäi huet hien eng Studentin an ee Student ëmbruecht an néng weiderer blesséiert, vun deenen der ëmmer nach sechs am Spidol leien. E Méindeg gouf dann och de Physiksproff Nuno Loureiro vum MIT, enger weiderer Elite-Uni, mat schwéiere Schossblessuren a sengem Haus zu Brookline an der Géigend vu Boston am Bundesstaat Massachusetts fonnt. De 47 Joer ale Proff ass en Dënschdeg u senge Blessure gestuerwen. Bei Ermëttlunge konnten duerch Videoopnamen tëscht béide Virfäll en Zesummenhang festgestallt ginn.

De President Donald Trump hat en Donneschdeg nach d’Recht op Waffebesëtz bei enger Chrëschtfeier am Wäissen Haus verdeedegt. Zum Virfall un der Brown University huet hie gesot sou “Saache” kéinte scho mol “geschéien”. Trotzdeem gouf no de jéngsten Erkenntnisser d’Mesure geholl, d’Green-Card-Lotterie auszesetzen.

Back to Top
CIM LOGO