Änlechkeeten zu Fall Pelicot a FrankräichVergewaltegunge vun narkotiséierter Fra gefilmt: Mann zu Oochen zu iwwer aacht Joer Prisong verurteelt

AFP
Well hie seng Fra iwwer Joren ewech heemlech narkotiséiert a sexuell mëssbraucht huet, ass an Däitschland lo een eelere Mann verurteelt ginn.
Vergewaltegunge vun narkotiséierter Fra gefilmt: Mann zu Oochen verurteelt
Änlech wéi am Fall Pelicot a Frankräich gouf an Däitschland elo en eelere Mann verurteelt, dee seng Fra iwwer Joren narkotiséiert a sexuell mëssbraucht huet.

Den 61 Joer ale Mann huet seng Dote gefilmt an d’Videoen op den Internet gesat. D’Landgeriicht vun der nordrhein-westfälescher Stad huet de Mann e Freideg fir aacht an en halleft Joer Prisong verurteelt. Zu den Dote koum et am Zäitraum tëscht 2018 an 2024 an der gemeinsamer Wunneng. Den Ugeklote kritt ënner anerem schwéier Vergewaltegung, geféierlech Kierperverletzung a Verletzung vum perséinleche Liewensberäich a vun de Perséinlechkeetsrechter duerch Bildopname reprochéiert. D’Urteel ass nach net rechtskräfteg, den Ugekloten kann nach an Appell goen.

De Fall weist Parallellen zum Fall Pelicot a Frankräich. Virun engem Joer war den Dominique Pelicot zu 20 Joer Prisong verurteelt ginn. Hien hat seng Fra Gisèle iwwer Joren ewech ëmmer nees narkotiséiert an zesumme mat anere Männer vergewaltegt, déi hien an Internetforen invitéiert hat. D’Gisèle Pelicot hat insistéiert, dass de Prozess soll ëffentlech traitéiert ginn, fir, dass “d’Schan d’Säit wiesselt”. Si war am Laf vum Prozess zu enger Symbolfigur fir de Kampf géint sexualiséiert Gewalt ginn. Nieft dem Dominique Pelicot waren nach 50 weider Männer zu Prisongsstrofe verurteelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO