De Kreml wëll elo, dass d’Ukrain sech een neutrale militäresche Statut gëtt nom Virbild vun Éisträich a Schweden. Polen fuerdert eng Zort Nato-Friddensmissioun an de President Selenskyj huet e Mëttwoch virum amerikanesche Kongress nach emol eng Fluchverbuetszon verlaangt. Iwwerdeems ass d’Situatioun um Terrain fir d’Leit an der Ukrain onverännert dramatesch.
Nëmme Sekonnen no 6 Auer e Mëttwoch de Moien zu Kiew huet de Biller vun enger Iwwerwaachungskamera no, den Dag mat neie russesche Bombardementer ugefaangen. Nach ëmmer huet Moskau et allem Uschäin no mat Virléift op Residenzquartieren vun Zivilisten ofgesinn. Observateure kënnen aus deene sporadeschen Attacke keng militäresch Strategie erausliesen, ausser dass engem u gréisstméiglechem Leed geleeë wier.
An de President Selenskyj kritt op en Neits am Stoe geklappt no enger Ried. Hien hat sech iwwer Videolink un den US-amerikanesche Kongress geriicht a vu Pearl Harbour geschwat, vun 911, wou och de Feind aus der Loft koum. A wann da scho keng No-Fly-Zone iwwert der Ukrain kann duerchgesat ginn, da bräicht hie méi Waffen. Donieft hätt hie gär méi Sanktioune géint Moskau.
Säin Homolog zu Moskau dogéint ëmräisst a senger Usprooch Themen aus der fréierer Sowjetunioun. De Weste géif net säin Zil vun der Weltdominanz erreechen. Wann de Weste géif mengen, dass Russland géif noginn, dann hätt ee Russland net verstanen. De wirtschaftleche Sanktioune géif et u Wäitsiicht feelen.
D’Marina Ovsyannikova koum mat enger Geldstrof dervun
Iwwerraschend ass d’Televisiounsproduzentin Ovsyannikova virleefeg mat enger klenger Geldstrof dovukomm, mee nach steet dee Prozess aus, an deem hir 15 Joer bléien.
D’Marina Ovsyannikova, Mataarbechterin vun der Staatstelevisioun:
“De Krich an der Ukrain huet fir mech d’Faass zum Iwwerlafe bruecht. Et ass einfach onerhéiert. Ech konnt net weider de Bak halen. An alleguer d’Leit – och Fraen hei a Russland mussen eppes dogéint ënnerhuelen. Jiddereen a Russland.”
Et dierft schwéier ginn. Op der selwechter staatlecher Televisioun, déi eng radikal realitéitsfriem Versioun vum Ukrain-Krich erzielt, gouf d’Vollek e Mëttwoch gewarnt, dass bei Razzien déi éischt 3 Persoune festgeholl goufen, well se op soziale Medie Ligen iwwert Verbrieche vun der russescher Arméi verbreet hunn.
Bombardement op en Theatergebai zu Mariupol
An e Mëttwoch den Owend koum d’Noriicht vun engem russesche Bombardement zu Mariupol um Asowsche Mier op en Theatergebai, wou sech iwwer 1.000 Awunner a Sécherheet bruecht haten. Fir e Bilan oder Biller ass et nach ze fréi. Zu Charkiw am Spidol huet een dogéint Angscht ëm d’Covid-Patienten, déi op der Intensivstatioun op engem drëtte Stack musse beotemt an net kënnen an de Keller bruecht ginn.
D’Missioun “muss versichen, humanitär a friddlech Hëllef an der Ukrain ze leeschten”, sou de polnesche Vize-Regierungschef Jaroslaw Kaczynski. En Dënschdeg ware jo d’Regierungscheffe vu Polen, Tschechien a Slowenien op Kiew gereest, fir Solidaritéit mat der Ukrain ze weisen. Ausserdeem goung et an de Gespréicher mam ukrainesche President och drëms, Drock op d’EU- an d’Nato ze maachen, fir d’Ukrain méi z’ënnerstëtzen. An deem Kontext fuerdert Polen eng Nato-Friddensmissioun an der Ukrain. Déi 3 baltesch EU-Staate fäerten nämlech, datt de Putin säi Krich och op d’Nopeschlänner ausbreet.
Wärend engem Spezial-Sommet zu Bréissel hunn eng Partie Nato-Memberstaaten allerdéngs skeptesch op d’Propos vu Polen iwwer eng méiglech Nato-Friddensmissioun an der Ukrain reagéiert. “Ech fäerten, et ass nach ze fréi, fir doriwwer ze schwätzen”, sou déi hollännesch Verdeedegungsministesch Kajsa Ollongren. Als éischt misst et e Waffestëllstand ginn. Änlech zeréckhalend Reaktioune koumen ënnert anerem vun de Verdeedegungsministeren aus Groussbritannien a Kanada. De Verdeedegungsminister vu Estland huet dogéint betount, datt eng Friddensmissioun eng vun de Méiglechkeete wier, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen. Si sollt awer vum UN-Sécherheetsrot decidéiert ginn.
Kreml bréngt Neutralitéit-Modell nom Virbild vu Schweden an d’Spill
D’Ukrain refuséiert d’Propos vun enger Éisträich- oder Schweden-Léisung a fuerdert verbindlech Sécherheetsgarantië fir eng Léisung bei den Negociatioune mat Russland. Et wier e fest Ofkommes néideg, bei deem e Grupp vu Staate Garantië fir kloer rechtsgülteg Verflichtungen iwwerhuele misst, fir an Zukunft Attacken aktiv ze verhënneren.
Den ukrainesche Presidenteberoder Poldoljak huet op Telegram geschriwwen, datt d’Ukrain an “engem direkte Krich mat Russland” ass an et dowéinst kee schweedeschen oder soss ee Modell bréicht, mä en “ukrainesche Modell”, bei deem et Sécherheetsgarantië vu Partner ginn, déi Waffe liwweren, wann et néideg wier, an den Himmel iwwert der Ukrain géingen zoumaachen, wann d’Land aus der Loft géing ugegraff ginn.
Domat reagéiert d’Ukrain op russesch Äusserungen, deenen no eng Neutralitéit vun der Ukrain an eng Entmilitariséierung mat der eegener Arméi nom Beispill vun Éisträich oder Schweden e Kompromëss fir eng Verhandlungsléisung si kéint. Ënnert den neutrale Status vun der Ukrain géing zum Beispill falen, dass d’Ukrain op en Nato-Bäitrëtt verzichte misst.
20.000 Mënschen ass en Dënschdeg d’Flucht aus Mariupol gelongen
Russland schéngt seng Strategie am Ukrain-Krich ze änneren. Well d’Buedemtruppe ronderëm Kiew net weiderkommen, gëtt elo verstäerkt op Bombardementer op Distanz gesat, wouduerch awer och nees méi zivil Ziler kéinte getraff ginn. Dat mellt den amerikanesche Verdeedegungsministère. Dem ukraineschen État-Major no hätt déi russesch Arméi scho 40% vun hiren Unitéite verluer.
Déi humanitär Situatioun zu Mariupol bleift ugespaant. En Dënschdeg ass ronn 20.000 Mënschen d’Flucht aus der Hafestad gelongen. Dat huet de Porte-parole vum ukrainesche President en Dënschdeg den Owend kënne confirméieren. Dausenden Autoen hätte sech op de Wee a Richtung Weste gemaach, nodeems Mariupol wärend Deeg ëmmer nees Zil vu schwéiere russesche Loftattacken war an et kee Stroum oder fléissend Waasser méi gëtt. An der Haaptstad Kiew huet en Dënschdeg eng Ausgangsspär ugefaangen, déi de ganzen Dag iwwer gëllt. Ouni speziell Autorisatioun däerf een net virun d’Dier, ausser et wëll een an e Loftschutzbunker.

All Minutt flüchte 55 Kanner aus der Ukrain
Wéi den “Kyiv Independent” mellt, dee sech op Zuele vun Unicef berifft, géif zanter dem Krichsufank bal all Sekonn aus engem ukrainesche Kand e Flüchtling ginn. Pro Minutt géinge 55 Kanner aus dem flüchten. Pro dat sinn dat ronn 75.000 Jonker.
Zu Bréissel kommen e Mëttwoch nees d’Nato-Verdeedegungsministere beieneen. De François Bausch a seng 29 Homologe beroden iwwert d’Ukrain-Kris, awer och iwwert hir Partenariater mat Länner, déi net oder nach net Member sinn, et awer gär géife ginn, wéi Finnland oder Schweden. Dernieft soll diskutéiert ginn, wéi ee sech nach besser kann opstellen fir sech géint méiglech Attacke vu Russland ze schützen; sief et duerch méi Truppen oder méi Rakéitenofwiersystemer. En Nato-Spezial-Sommet ass fir nächst Woch en Donneschdeg virgesinn.
