Hamsterkeef an DäitschlandVerkaf vun Toilettëpabeier ëm 89,8 Prozent geklommen

RTL Lëtzebuerg
Mëtt Oktober gouf bei eisen däitschen Nopere ronn duebel esou vill Toilettëpabeier verkaf wéi et an de Méint virun der Corona-Kris de Fall war.

Dat Statistescht Bundesamt huet en Donneschdeg nei Zuelen iwwert d’Konsumverhale vun den Awunner an Däitschland publizéiert. Aus dem Rapport geet ervir, dass an der 42. Kalennerwoch méi Hygiène-Artikelen a bestëmmte Liewensmëttel kaf goufen. Eleng den Ëmsaz vun Toilettëpabeier huet sech an der Woch vum 12. op de 17. Oktober 2020 bal verduebelt mat engem Plus vun 89,8 Prozent par Rapport zu de Méint August 2019 bis Januar 2020.

Och d’Verkafszuele vun Desinfektiounsmëttel sinn ëm 72,5 Prozent an d’Luucht geschoss, déi vu Seef ëm 62,3 Prozent. A puncto Liewensmëttel war d’Nofro bei Miel an Hief besonnesch héich. De Statistiker aus Wiesbaden no gouf eng Hausse vun 28,4 Prozent beim Miel registréiert an e Plus vu 34,8 Prozent bei der Hief.

Wéinst de volle Caddien an deelweis eidele Regaler appelléieren déi däitsch Politiker ëmmer nees un d’Awunner, op Hamsterkeef ze verzichten. D’Versuergung vu Liewensmëttel an Hygiène-Artikele fir den alldeegleche Gebrauch wier geséchert.

Back to Top
CIM LOGO