Biden-Ried no Walvictoire"Verspriechen e President ze sinn, deen net splécken, mä vereene wëll"

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit hunn den designéierte President Biden a seng zukünfteg Vizepresidentin eng éischt Ried gehalen.
1. Ried vum Biden
“Verspriechen e President ze sinn, deen net splécken, mä vereene wëll”

No senger Victoire bei den US-Walen huet sech den Demokrat Joe Biden a senger éischter Ried als sougenannte “president elect” als President vun allen Amerikaner presentéiert, deen d’Land zesummeféiere wëll.

De 77 Joer ale Biden huet sech a senger Heemechtsstad Wilmington am Delaware un d’Natioun adresséiert, do wou hien déi lescht Woch op dat definitiivt Resultat gewaart huet.

Seng Regierung géif d’Séil vun Amerika an de Respekt fir d’USA an der Welt nees retabléieren.

A senger Ried huet de Biden donieft d’Victoire als “kloer” an “iwwerzeegend” bezeechent. Hien huet betount, datt hien d’Land versöne wéilt: “Ech verspriechen e President ze sinn, deen net splécken, mä vereene wëll.” De Biden huet sech domadder vum Trump distanzéiert, ouni hien awer mam Numm ze nennen. De President huet zu engem neie politesche Mateneen opgeruff. Politesch Géigner wäre keng “Feinden": “Et sinn Amerikaner.” Et wär un der Zäit, fir d’Land ze “heelen”, d’"Ära vun der Verdäiwelung” misst een Enn hunn, sou de Biden.

Den designéierte President huet och un d’Trump-Supporter appelléiert: “Ech verstinn är Enttäuschung. Ech hu selwer e puer Mol verluer, mä loosst eis elo géigesäiteg eng Chance ginn.” Hie wär als Demokrat gewielt ginn, ma hie wäert de President vum ganze Land sinn a “genausou haart fir jidderee schaffen, déi mech net gewielt hunn”, huet de Biden versprach.

De Biden huet och een neien Ëmgang mat der Coronavirus-Pandemie ugekënnegt. Hie wäert dofir schonn e Méindeg wëssenschaftlech Beroder an Experte benennen. Dës sollen ee Plang entwéckelen, deen direkt mat sengem Amtsuntrëtt nom 20. Januar ëmgesat soll ginn. De Biden soll deen Dag als 46. President vun den US-Geriichter vereedegt ginn.

Un der Säit vum Joe Biden kënnt mam Kamala Harris, déi alleréischt Fra als Vizepresidentin an d’Wäisst Haus. Dobäi nach eng schwaarz Fra, déi och indesch Originnen huet. Déi fréier Senateurin sot e Samschdeg de Message vun de Wieler wier ee klore gewiescht. D’Amerikaner hätten Hoffnung, Eenegkeet, Anstand, Wëssenschaft an d’ Wourecht gewielt.

E Samschdeg den Owend géint 18 Auer eiser Zäit war kloer, datt sech den Joe Biden duerch eng Victoire am US-Staat Pennsylvania méi wéi 270 Walleit séchere konnt. Den Donald Trump bleift bei 214 fir den Ament. Hie war beim Golfspillen, wéi d’Nouvelle vu senger Defaite koum, déi hie bis ewell awer nach net unerkannt huet.

© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO