Trump erkennt Victoire net unDen Joe Biden ass den neien US-President

RTL Lëtzebuerg
CNN no entscheet den Joe Biden d'Course am Pennsylvania fir sech. Der Agence AP no hätt hien och den Nevada an der Täsch.
De Philip Crowther aus den USA
Den US-Korrespondent mellt sech am RTL-Journal.

Domadder ass den Joe Biden den neien a 46. US-President, d’Kamala Harris ass déi éischt Vizepresidentin.

De Biden soll um Samschdeg den Owend um 20 Auer Lokalzäit (2 Auer Lëtzebuerger Zäit) eng Ried halen.

Um 17.25 Auer Lëtzebuerger Zäit mellt CNN “Biden wënnt”

Et gëtt gefeiert
Domadder ass den Joe Biden den neien a 46. US-President, d’Kamala Harris ass déi éischt Vizepresidentin.

Den Joe Biden sot um Samschdeg, datt hien de President vun allen Amerikaner wäert sinn.

Minutte méi spéit koum d’Nouvelle, datt den Donald Trump dës Victoire net unerkennt. “Mir kënne nach gewannen”, sou de Chef vu senger Campagne.

Reaktiounen baussent den USA

Am RTL-Interview huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister erliichtert gewisen. De Jean Asselborn erhofft sech elo eng besser international Zesummenaarbecht mam Joe Biden.

De Jean Asselborn
Am RTL-Interview huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister erliichtert gewisen.

Interview Jean Asselborn

Dem Asselborn no wier déi politesch Demarche awer mat dëse Resultater gelaf. D’Bréifwal notamment am Pennsylvania huet de Biden däitlech no vir bruecht. Esou dass de Stëmmen-Ënnerscheed elo guer net méi esou knapp wier. Och wann déi virausgesote “Blo Well” net agetrueden ass, wier d’Resultat awer elo ganz kloer, esou de Jean Asselborn.

Och de Premier Xavier Bettel huet gratuléiert op Twitter.

Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel wënscht dem neie President vill Gléck an Erfolleg.

Trump-Assistent positiv op de Coronavirus getest ginn

Vu Säite vum nach President Donald Trump ass et d’Nouvelle, datt säin Assistent Mark Meadows positiv op de Coronavirus getest gouf. An den USA goufen an de leschte 24 Stonnen iwwer 125.000 Neiinfektioune registréiert. Den héchsten Taux zanter dem Ufank vun der Pandemie.

© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO