
Wéi d’Dokteren elo bekannt gemaach hunn, hu si eegenen Aussoen no déi wuel längst Covid-Infektioun dokumentéiert. Ee vun hinne behandelte Patienten hätt am Ganzen iwwer 16 Méint, respektiv 505 Deeg laang noweisbar Quantitéite vum Virus opgewisen. Eng detailléiert Analys am Laboratoire huet deemno erginn, dass et sech ëm déi selwecht dauerhaft Infektioun géing handelen an net ëm verschidde Schuben.
Direkt e puer brittesch Medien hunn doriwwer bericht, dorënner BBC.
De Patient hat sech Ufank 2020 eng éischte Kéier infizéiert. An den 72 Wochen dono wier hien e puer Mol zu Behandlungen an enger Klinik gewiescht a bei all Geleeënheet, am Ganze 50 Mol, wier hie positiv getest ginn, sou d’Doktere vum King’s College London a Guy’s and St Thomas’ NHS Foundation Trust.
Den Dr. Luke Blagdon Snell, deen de Fall zesumme mat Kolleegen op engem Europäesche Kongress fir klinesch Mikrobiologie an Infektiounskrankheete wëll virstellen, sot am Interview mat BBC: “Et handelt sech ëm Ofstréchtester fir am Hals, déi all Kéier positiv waren. De Patient hat ni en negativen Test. A mir kënne soen, dass et sech ëm eng kontinuéierlech Infektioun handelt, well déi genetesch Ënnerschrëft - d’Informatiounen, déi mir duerch d’Sequenzéierung vum virale Genom erhalen hunn - bei dësem Patient eenzegaarteg a konstant war”.
