
Vun e Méindeg u goufen d’Quarantän-Mesurë fir d’éischte Kéier zanter dem Ufank vun der Kris awer opgelockert.
Kleng Geschäfter, vum Optiker an Design-Buttek bis hin zum Baumaart an Autosgaragen, dierfe vun e Méindeg un also nees opmaachen, wann de Client-Beräich ënner 400 Metercarré läit. Eleng an der Haaptstad Wien dierften dat ronn 4.600 Geschäfter sinn, déi dann tëscht 20 vir 8 Moies a 7 Auer Owes dierfe fir d’Clienten opmaachen.
Dat suergt natierlech fir gréisser Opreegung bei den Geschäftsleit, déi ee Beräich hunn, deen iwwer 400 Metercarré grouss ass an dowéinst elo mol nach mussen zoubleiwen. Hiert Argument wär, dass een éischtens a grousse Geschäfter méi Plaz hätt an zweetens kéinten och déi Grouss just een Deel vun hirem Geschäft, also 400 Metercarré oftrennen an dann opmaachen.
Dozou Erklärunge vun der éisträichescher Wirtschaftsministesch Margerete Schramböck an engem Interview um ORF:
„Wissen Sie, wir haben ganz viele Diskussionen. Wir hatten zuerst auch, warum diese Geschäfte und nicht jene, warum alle nicht gleichzeitig. Wir sind weit davon entfernt alle gleichzeitig aufmachen zu können. Wir tun das in Schritten so haben es auch andere Länder erfolgreich gemacht. Und da ist es wichtig, dass wir nicht alles sofort öffnen, dass wir nicht glauben wir haben jetzt kein Problem mehr mit der Ansteckung, sondern dass wir gemeinsam lernen und das ist in den nächsten 14 Tagen angesagt.”
D’Konditioune bleiwen awer streng: d’Clientë mussen ee Mond- an Nueseschutz undoen, also eng Mask oder e Schal, op d’mannst e Meter Ofstand zu anere Leit halen an et dierf net méi wéi eng Persoun op 20 Metercarré Fläch sinn. D’Geschäfter mussen iwwregens keng Masken zur Verfügung stellen.
Donieft mussen dann och d’Utilisateure vum ëffentlechen Transport, Taxien oder Fuergemeinschafte Masken undoen. An d’Police dierf dann och déi Leit protokolléieren, déi sech net un dës Maskeflicht halen.
Eng aner Mesure, déi gelackert gëtt an déi vill Leit dierft freeën, ass, dass ronn 230 vun den am Ganzen 12.500 Hektar ëffentlech zougängleche Gréngflächen an der Haaptstad nees fir de Public op sinn. An och Hochzäiten dierfen nees gefeiert ginn, awer just an enkstem Familljekrees.