
Um Trëttoir waarde Mënschen nieft enger Doudelued dorop, dass déi verstuerwe Persoun ofgeholl gëtt. De Vize-President Otto Sonnenholzner huet sech fir d’Versoe vun den Autoritéiten entschëllegt. “Mir hu Biller gesinn, déi et ni hätt dierfen ginn”, sot hien an enger Deklaratioun, déi um Samschdeg vu lokale Medien publizéiert gouf.
D’Awunner vun der Hafestaat Guayaquil, déi am schlëmmsten betraff ass, haten op de sozialen Netzwierker e verzweiwelten Appell un déi zoustänneg Autoritéite geschéckt, fir déi Persounen, déi bei sech doheem um Virus verstuerwe waren, sichen ze goen.
D’Arméi an d’Police hunn doropshin eng 150 Läichen an den Haiser vun der Hafestad konnte fannen.
Dat südamerikanescht Land zielt offiziellen Angabe no aktuell 3.465 positiv geteste Covid-19-Fäll an 172 Doudeger. 100 Persounen gëllen als nees gesond.
