
Deen als besonnesch geféierlech agestuufte Vulkan huet den Autoritéiten no e Méindeg ugefaangen ze rumoueren, um fréien Dënschdeg de Moie si meterhéich Äschewolleken an d’Luucht gaangen. D’Bewunner an den Dierfer ronderëm hunn hir Haiser misse verloossen.
Am Juni eréischt war de Vulkan ausgebrach. E puer Dausend Mënschen hunn hir Haiser do misse verloossen. Vill vun hinne si bis haut an Noutlager, sou e Vertrieder vum Katastropheschutz an de Regioun West New Britain. Déi Bewunner, déi zanterhier an hir Haiser zeréck konnten, goufen deemno elo nees evakuéiert.
Den Ulawun-Vulkan gëllt als dee geféierlechste vun der Welt. De Wëssenschaftler no besteet e grousse Risk fir hefteg Eruptiounen an obschonn et ee vun den aktiivste Vulkaner vum Land ass, liewen dausende Mënschen a sengem Schiet.