Wann d’Meteo et erlaabtWaasser aus der Atomzentral vu Fukushima gëtt an de Pazifik lafe gelooss

RTL Lëtzebuerg
D’Atomzentral war duerch d’Äerdbiewe virun 12 Joer zerstéiert ginn. D’Waasser gouf jorelaang traitéiert.

D’international Agence fir Atomenergie huet Gréng Luucht fir de Projet ginn.

D’japanesch Autoritéite versécheren, et géing kee Risiko méi fir d’Gesondheet vun de Mënschen a fir d’Ëmwelt ginn. China huet awer Suergen ausgedréckt. Och Greenpeace kritiséiert dat Ganzt a seet, Japan hätt eng falsch Léisung gewielt.

De 24. August soll ugefaange ginn, d’Waasser an d’Mier lafen ze loossen. Et wieren dann all Dag 500.000 Liter, déi géifen an de Pazifik fléissen.

Zanter dem Äerdbiewen an Tsunami am Joer 2011 huet de Bedreiwer Tepco 1,34 Milliounen Tonne Waasser gespäichert, dat fir d’Iwwerreschter vun den nach héichradioaktive Reakteren ze killen. Well awer net genuch Späicherkapazitéite fir d’Killwaasser do sinn, soll dëst elo eben an d’Mier geleet ginn. Wéi de Bedreiwer Tepco seet, wier d’Flëssegkeet dofir verdënnt ginn, a quasi all d’radioaktiv Bestanddeeler wieren erausgefiltert ginn.

Greenpeace erkläert, dass d’Filterprozedur feelerhaft wier an dass an de kommende Joerzéngten immens Quantitéiten u radioaktivem Material an d’Mier gerode wäert.

D'Fëscher sinn dogéint, dass d'Killwaasser aus dem Atomkraaftwierk an d'Mier lafe gelooss gëtt.
D’Fëscher sinn dogéint, dass d’Killwaasser aus dem Atomkraaftwierk an d’Mier lafe gelooss gëtt.

Back to Top
CIM LOGO