An der sougenannter “National Security Strategy”, also der Nationaler Sécherheetsstrategie definéiert déi amerikanesch Regierung an onreegelméissegen Ofstänn déi, hirer Meenung no, gréisste sécherheetspolitesch Erausfuerderungen a presentéiert hir Léisunge fir dës. Néng dëser Nationaler Sécherheetsstrategien huet d’US-Exekutiv zanter 1991 virgestallt, ma keng dovun huet fir esou hefteg politesch Reaktiounen uechter Europa gesuergt ewéi déi, déi d’USA Mëtt leschter Woch presentéiert hunn.
De Pabeier fänkt mat enger Ofrechnung mat der sécherheets- an aussepolitescher Strategie un, déi d’USA zanter dem Enn vum Kale Krich verfollegt hunn. Déi aussepolitesch Elitë vum Land hätte sech der Illusioun higinn, dass et am Interessi vun den USA wier, wann een op der ganzer Welt déi dominant Muecht wier. Ma d’Ugeleeënheete vun anere Länner sollten d’USA nëmmen da beschäftegen, wann dësen hir Aktivitéiten amerikanesch Interesse menacéieren.
Eng Strategie misst auswäerten, sortéieren a prioriséieren. Net all Land, Regioun oder Ugeleeënheet kéint de Fokus vun enger amerikanescher Strategie sinn. De Sënn vun Aussepolitik wier d’Verdeedegung vun den eegenen nationalen Interessen, an dat wier den eenzege Fokus vun der neier nationaler Sécherheetsstrategie vun den USA.
Grad emol 3 vun den am Ganzen 33 Säite vum Pabeier, deen d’Basis vun der amerikanescher Sécherheetsstrategie vun der noer Zukunft duerstellt, beschäftege sech mat Europa, ma déi hunn et a sech. Europa géif militäresch a wirtschaftlech stagnéieren heescht et do. Den Undeel vu Kontinentaleuropa un der weltwäiter Wirtschaftsleeschtung wier bannent de leschte 35 Joer vu 25 op 14 Prozent erofgaangen. Dat wier deels op national an transnational Regulatiounen zeréckzeféieren, déi wirtschaftlech Kreativitéit a Fläiss géifen ënnergruewen.
Ma dësen ekonomeschen Niddergang wier näischt géigeniwwer der zivilisatorescher Ausläschung, déi Europa géif bevirstoen, heescht et weider an der Strategie. D’Europäesch Unioun an aner transnationale Acteure wieren dobäi. d’politesch Fräiheet an d’Souveränitéit ze zerstéieren. D’Zensur vun der Meenungsäusserung an d’Ënnerdréckung vun der politescher Oppositioun géifen zesumme mat nidderege Gebuertenzuelen an enger schlechter Migratiounspolitik zu engem Verloscht vun nationalen Identitéiten a Selbstvertraue féieren.
Wann dat esou géing weidergoen, wier Europa an op d’mannst 20 Joer net méi erëm ze erkennen. Och wann Europa strategesch a kulturell fir d’USA wichteg wier an een eng emotional Verbindung zum Kontinent hätt, misst ee sech d’Fro stellen, ob verschidde Länner hir Plaz an der Welt an Zukunft nach un der Säit vun den USA gesinn, wann dës net méi majoritär ethnesch europäesch wieren.
D’diplomatesch Efforte vun den USA misste sech an Europa drop konzentréieren, fir authentesch Demokratie, Meenungsfräiheet an de Charakter an d’Geschicht vun den eenzelen europäesche Länner anzetrieden. An deem Zesummenhang wier och de Fait, dass - Zitat - “patriotesch Parteien” ëmmer méi Afloss an Europa kréien, e Grond fir optimistesch ze sinn.
Mat patriotesche Parteie sinn an dësem Kontext Parteie gemengt, déi EU-skeptesch bis feindlech agestallt sinn, wéi déi däitsch AfD oder de franséische Rassemblement national. An dësem Zesummenhang sief dann och drun erënnert, dass dem Donald Trump säin deemolege Beroder Elon Musk am Virfeld vun den däitsche Parlamentswalen am Februar kräfteg Reklamm fir d’AfD gemaach hat.
Grond zur Suerg dierft aus europäescher Siicht och den amerikaneschen Toun géigeniwwer Russland sinn. Dësen ass géigeniwwer der nationaler Sécherheetsstrategie vun 2017, déi wärend dem Donald Trump senger éischter Amtszäit presentéiert gouf, däitlech méi douce ginn. An der Strategie vun 2017 ass nach ze liesen, dass Russland eng Welt wéilt schafen, déi am Géigesaz zu den amerikanesche Wäerter stéing. Russland géif d’NATO an d’EU als Géigner gesinn, militäresch oprëschten, seng Nopeschlänner menacéieren a versichen, d’Kredibilitéit vun amerikaneschen Engagement an Europa ze ënnergruewen.
Am Pabeier deen d’lescht Woch presentéiert gouf, gëtt amplaz vun der russescher Aggressioun, de Mangel vun europäeschem Selbstbewosstsinn géigeniwwer Russland kritiséiert. Et steet zwar wuel an der Strategie, dass d’europäesch Relatioune mat Russland wéinst dem russesche Krich an der Ukrain belaascht wieren. Ma d’Léisung vun der Situatioun gesäit Washington elo an engem diplomateschen Effort, fir nees stabil Relatiounen tëscht Europa a Russland an domat eng strateegesch Stabilitéit um eurasesche Kontinent hierzestellen.
Zur Ukrain heescht et iwwerdeems kuerz a knapp, dass et en zentraalt Interessi vun den USA wier, e séiere Waffestëllstand auszehandelen, fir dass d’europäesch Ekonomië sech nees kéinte stabiliséieren an eng ongewollten Eskalatioun vum Konflikt kéint verhënnert ginn. Och ass rieds dovun, dass d’Ukrain nees misst nei opgebaut ginn, an dass hiert Iwwerliewen als Staat misst séchergestallt ginn. Wéi eng Grenzen dëse Staat soll hunn, gëtt allerdéngs net präziséiert.
An Europa huet d’Begeeschterung fir déi nei national Sécherheetsstrategie vun den USA sech a Grenze gehalen. D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas gesäit am Pabeier eng geziilt Provokatioun: “Wësst der, et schéngt mer, wéi wann et eng Provokatioun wier, fir datt mir reagéieren. Well et geet, op en neits, ëm Opmierksamkeet. Vläicht ass et een Dokument, dat mer hei gesinn, an dat net wierklech bestëmmte Strategien suivéiert, mee dat ass Niewesaach. Ech mengen, mir sollte selbstbewosst sinn. Mir wëssen, datt déi Saachen net wouer sinn.”
Och vun der proeuropäescher Jugendorganisatioun “Jeunes Européens Fédéralistes Lëtzebuerg” gëtt et an enger schrëftlecher Stellungnam staark Kritik um Pabeier. Ënner anerem un der Ausso, dass et d’US-Regierung géif optimistesch stëmmen, dass esougeannt “patriotesch Parteien” an der EU un Afloss gewannen, stéiert ee sech bei der Organisatioun. Hirem President, dem Mike Arrensdorff no géifen dës Parteie virun allem vermeintlech einfach Léisunge fir komplex Problemer proposéieren: “Et feele Léisungsvirschléi, déi d’Leit, mengen ech ganz oft sichen. An déi Riets gi ganz simpel Léisungsvirschléi. Wat mir hei proposéieren ass e bësse méi komplex, et ass och méi e laangwierege Prozess, mä eiser Meenung no ee méi optimistesche Virschlag fir eng besser Zukunft, eng besser Dynamik. D’EU ass gegrënnt ginn an enger Phas...oder d’Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft ass gegrënnt ginn an enger Phas, wou Europa scho méi schwaach ginn ass vu sengem internationale Gewiicht. A mir sinn erëm an esou enger Phas an et géif nëmme Sënn maachen, dee Wee weiderzegoen, amplaz ze stagnéieren.
Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz gesäit am Pabeier dann näischt anescht ewéi d’Confirmatioun, dass d’USA sech außen- a sécherheetspolitesch nei orientéieren: “Das ist keine Überraschung. Das ist aber jetzt noch einmal bestätigt. Das ist dokumentiert. Das ist die neue Strategie der Amerikaner. Und da kommt natürlich ‘Amerika First’ besonders stark zum Ausdruck.”