Franséisch Presidentiellen 2022Wat erwaarden d’Frontaliere sech vun de Walen?

RTL Lëtzebuerg
Wéi och scho bei de virege Walen treffen dëst Joer rëm den Emmanuel Macron an d’Marine Le Pen openeen.
Wat erwaarden d’Frontaliere sech vun de Walen?
Wéi och scho bei de virege Walen treffen dëst Joer rëm den Emmanuel Macron an d’Marine Le Pen openeen.

Hir Visiounen a Programmer splécke weiderhin déi franséisch Populatioun, zemools an der Grenzregioun.

All Dag kommen iwwer 212.000 Frontalieren op Lëtzebuerg, fir hei ze schaffen. Si representéiere 44% vun der Main d’Oeuvre vum Land an d’Hallschecht dovunner kënnt aus der Grand-Est-Regioun a Frankräich. Vill vun hinne kommen all Dag mam Zuch op d’Aarbecht, fir dem Stau aus dem Wee ze goen. Wéinst Verspéidungen, Streiker a laange Fuerzäite wier dat awer och keng ideal Léisung. Deemno hoffe si, dass dës Walen och en Impakt op hir Mobilitéit wäerten hunn.

Fir déi éischt Ronn vun de Wale ware 74% vun de Fransousen ageschriwwen. Am Géigendeel zu Lëtzebuerg ass Wielen nämlech net obligatoresch a Frankräich. Niewent der Mobilitéit spillen awer och d’Grenzen an d’EU eng entscheedend Roll fir déi franséisch Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen.

Si wäerten e Sonnden, de 24. Abrëll, an enger zweeter Ronn tëschent dem Kandidat aus der Mëtt, Emmanuel Macron, an der rietsextremer Kandidatin Marine Le Pen wielen. Déi nämmlecht Konstellatioun hat ee jo schonn 2017 bei de virege Wale gesinn.

Deemools sinn d’Meenungen an der Lorraine immens gespléckt gewiescht. Hayange läit ronn 40 Kilometer vun der Lëtzebuerger Stad an ass vun hirer Vergaangenheet an der Stolindustrie gepräägt. Bei de leschte Walen hat d’Marine Le Pen hei mat 33,5% den éischten Tour fir sech entscheet. Dëst Joer ass dësen Taux souguer op 38,6% eropgaangen. An och d’Muselregioun huet déi rietsextrem Kandidatin an dësem éischten Tour fir sech gewonnen. Eent vun de Leitmotiver vum Marine Le Pen hirer Campagne ass Changement. Domat schwätzt si vill Leit un, déi onzefridde si mat der Politik, sou wéi den Emmanuel Macron se zanter 5 Joer féiert.

D’Campagnë vun deenen zwee Kandidaten ënnerscheede sech grondleeënd, ënner anerem duerch hir Usiichten op d’Pensioun. Den aktuelle President hat nämlech ugekënnegt, dass, wann hien erëm géif gewielt ginn, hien den Alter, an deem ee kann d’Pensioun huelen, géif op 62 bis 65 Joer réckelen. Ma och de Kandidaten hir Visioun vun Europa a vum fräien Ëmlaf tëschent den EU-Memberlänner ass fir d’Frontalieren natierlech essentiell.

Wärend de politeschen Debat sech tëschent deenen zwee Tier verstäerkt, weise verschidde Fransouse wéineg Enthusiasmus fir d’Walen. An der Muselregioun hunn 28% vun de Leit net gewielt. A ganz Frankräich hu sech 25% vun de Leit enthalen, déi op de Wielerlëschte stoungen. Eent vun den Objektiver fir den Emmanuel Macron an d’Marine le Pen wäert et elo sinn, grad déi Leit unzeschwätzen an ze motivéieren, de 24. Abrëll fir si wielen ze goen.

Am Ganze sinn 48,7 Millioune Leit op de Wielerlëschten a Frankräich ageschriwwen. De 24. Abrëll wäerte si dann decidéieren, wien d’Land fir déi nächst 5 Joer dirigéiert: den Emmanuel Macron oder d’Marine Le Pen.

Back to Top
CIM LOGO