Trump oder BidenWéi a wéini wielt Amerika?

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 230 Millioune walberechtegt Amerikaner wielen den 3. November hiren neie President.
© RTL Grafik

Den 3. November gëtt en neien amerikanesche President gewielt. Zur Wiel stinn de abléckleche President Donald Trump, 74 Joer, Republikaner an den Joe Biden, 77, Demokrat.

Déi iwwert 230 Millioune walberechtegt Bierger bestëmmen hire President net direkt.

Si wiele sougenannt Waldelegéiert oder Walmänner, déi sech op déi 50 Bundesstaate verdeelen. Wéi vill Waldelegéiert an engem Bundesstaat sinn, hänkt vun der Populatioun of.

Kalifornien huet als gréissten US-Bundesstaat 55 Delegéiert. Texas der 38, New York a Florida 29. Kleng Staaten, ewéi de Vermont, North Dakota, Wyoming oder den District of Columbia hunn der nëmmen 3.

Et ginn insgesamt 538 Waldelegéiert. Wien also 270 vun den Delegéiert op sech ka verbuchen, huet d’Wale gewonnen,

Gewielt gëtt nom Prinzip:”the winner takes it all”.

De Kandidat, deen am Bundesstaat déi meeschte Stëmmen kritt, gewënnt all Waldelegéiert. Et gi just 2 Ausnamen: am Maine an am Nebraska ginn Delegéiert nom Proporzsystem designéiert.

Ronn een Drëttel vun de Wieler ginn hir Stëmm per Bréifwal of. Eng 36 Staaten erlaben och en “early voting”, also hir Stëmm virum 3. November ofzeginn.

Den 14. Dezember kommen d’Waldelegéiert an de Bundesstaate beieneen a wielen den neie President. Eréischt den 6. Januar 2021 ginn d’Wielerstëmmen am Senat ausgezielt. Dee 6. Januar steet den neie President definitiv fest.

Den 20. Januar 2021 leet den neien amerikanesche President säin Eed op d’Verfassung of. Säi Mandat leeft véier Joer.

Zanter 1788 ass d’Walall véier Joer. Zanter 1845 gëtt Dënschdes nom 1. Méindeg am November gewielt. Zanter dem Enn vum 2. Weltkrich hunn d’Republikaner 10 Mol an Demokraten aachtmol de President gestallt.

“Swing States” oder “Battleground states”

“Swing States” ginn all déi Staate genannt, wou kee vun de Kandidate mat enger sécherer Majoritéit ka rechnen. Zu de “Swing States” zielen traditionell Florida (29 Waldelegéiert) an Ohio (18). Bei de leschte sechs Walen hunn d’Republikaner an Demokraten jee dräimol an dëse Bundesstaate gewonnen.

Texas (38), Georgia (16), North Carolina (15) an den Arizona (11) sinn eigentlech traditionell republikanesch Héichbuergen. Mä 2020 kéint de Joe Biden dës Staate fir sech entscheeden.

An den dräi Industriestaate Pennsylvania (20), Michigan (16) an am Wisconsin (10) huet den Donald Trump virun véier Joer fir d’éischt zënter den 80er Joren en Erfolleg fir d’Republikaner erausgeschloen. 2020 gëllen dës Staaten nees als ganz ëmstridden.

Wéini kommen d’Resultater?

An Amerika gëtt an sechs verschiddenen Zäitzone gewielt. D’Wallokaler maachen eiser Zäit tëscht 2 an 7 Auer moies hir Dieren zou.

Mat éischten Héichrechnunge gëtt eiser Zäit Mëttwochs moies géint 1 Auer gerechent. Den Ufank maachen den Indiana a Kentucky. Géint 2 Auer gëtt schonns mat wichtege “Swing States” ewéi Pennsylvania, Ohio a Florida gerechent. Géint 3 Auer sollen éischt Héichrechnungen aus den anere “Swing States” Wisconsin an Arizona virleien.

Bei dëse Wale soll een awer de Konditionnel gebrauchen, well dësen Zäitplang nëmme kann agehale ginn, wa beim Ausziele keng Problemer optrieden.

Déi éischt Héichrechnunge baséieren op sougenannten “Exit polls”. Dat heescht, op Sondage bei de Wieler, nodeems se hir Stemm ofginn hunn.

Wa sech eng kloer Tendenz erausschielt, gëtt dorausser eng Prognos opgestallt a vun den US-Medie verëffentlecht.

Bei knappe Resultater gëllt de Saz: ”Too Close To Call”. Dat heescht: et stellt sech keng kloer Majoritéit eraus. Et muss nach ofgewaart ginn.

Am Prinzip steet den Numm vum neie President net virun 5 Auer moies eiser Zäit fest.

De Barack Obama gouf 2012 bei senger Reelektioun um 5.15 Auer als Gewënner deklaréiert. Den Donald Trump 2016 eréischt géint 8.30 Auer.

US-Expert iwwer d’Walen: Den Interview mam Professer Robert Harmsen vun der Uni.lu

Back to Top
CIM LOGO