Dës US-Walen dëst Joer ënnerscheede sech vu ville Wale virdrun. Dat eleng scho wéinst der Corona-Pandemie.

Politesch huet sech vill verännert am Land. Déi ëmstridden Aart a Weis vum aktuelle President Donald Trump huet d'politesch Spléckung am Land verstäerkt. Dobäi kënnt elo d'Corona-Pandemie.

Firwat sinn déi sougenannt Swing States esou wichteg? Wat sinn d'Grënn fir d'Onroue ronderëm d'Bréifwal? RTL huet mam Professer Robert Harmsen vun der Uni Lëtzebuerg geschwat.

De politesche Facteur ass dee vun der Polarisatioun, deen an den Vereenegte Staate vun Amerika ëmmer méi grouss gëtt an dat zanter Joren. Et gëtt et grouss Differenzen tëscht bloen a roude Staaten. Déi spléckt d'Land. "Den Donald Trump ass Produkt vun der Spléckung, mä hien huet se och nach virugedriwwen", esou de Robert Harmsen.

Ass den Donald Trump e richtege Republikaner?

Den aktuelle President wär ganz ontypesch fir e Republikaner a verschiddene Punkten. "Hien ass ganz sécher kee klassesche Konservativen. D'Parteibasis stoung him uganks ganz skeptesch géintiwwer. Elo déi lescht Zäit allerdéngs guer net méi. Hien huet d'Republikaner zu senger Partei gemaach. Hie steet fir en Nationalismus a wëll d'Land isoléieren", erkläert den Expert vun der Uni.lu.

Biden an Trump

Et gi wéineg Punkten, bei deenen déi zwee Kandidate fir d'Presidentschaftswal sech eens sinn. Een ass awer: d'China-Politik, esou den Professer. Si wéilten allebéid eng vill méi aggressiv Politik géintiwwer China.

Si schwätze sech allebéid nach fir staatlech Hëllefe fir d'Ekonomie aus, fir de Schued vun der Pandemie opzefänken. "De Biden méi oppen ewéi den Trump", seet den Robert Harmsen.

Bei deene meeschten anere Sujete wär et schwéier e gemeinsamen Nenner ze fannen.

Fundamental ënnerscheede si sech beim Gesondheetssystem. De Biden wëll de Projet vum "Obama Care" weiderféieren. Den Trump huet e puer Mol oppe gesot, hie wéilt dat sécher ofschafen.

An dann eng grouss Differenz: den Ëmgank mat der Pandemie selwer: "Do brauch ee just d'Walcampagnen ze kucken. Déi zwee Kandidate ware rezent am Bundesstaat Florida. Den Trump hat riseg Optrëtter ouni Mask an ouni Social distancing. De Biden hat kleng Optrëtter mat Maskeflicht. Hien hëlt de Virus vill méi Eescht".

Wielerschaft

Den Trump hat bei de leschte Wale vill wäiss Aarbechter, déi traditionell demokratesch wielen, fir sech gewonnen, virun allem a Bundesstaaten am mëttlere Westen. "Et ware virop wäiss männlech Aarbechter, déi den Trump a Michigan, Wisconsin, Pennsylvania an an anere Staate gewonnen hat.

De Biden hätt déi Staaten gär erëm an dat kann e packen. Dat huet domat ze dinn, dass den Trump seng Verspriechen, fir nees richteg Aarbechtsplazen an der Industrie ze schafen, net gehalen huet. Op der anerer Säit kënnt de Biden an deene Klassen och nees besser un ewéi d'Hillary Clinton. Hien huet seng Originnen an der Aarbechterklass", esou de Robert Harmsen.

Texas ass ëmstridden

De Bundesstaat Texas – fréier eng Héichbuerg vun de Republikaner - ass vill méi ëmstridden, ewéi een dovun ausgoe konnt. Dat huet am meeschte mat demographesche Changementer ze dinn, erkläert de Professer: "Op laang Siicht gëtt Texas e Staat, deen net méi krass republikanesch gepräägt ass. Allerdéngs ass et dës Kéier vläicht ze fréi, fir vun engem "Swing State" ze schwätzen. De Biden war a Republikaner-Staaten ewéi Arizona an Georgia fir Campagne ze maachen. An Texas war hien awer net. Dat ass fir mech en Zeechen."

Net nëmmen Presidentiellen si wichteg

An den USA sinn d'Presidentielle just d'Spëtzt vun engem Äisbierg vu Walen. Och d'Membere vum Senat an déi vum Representantenhaus, déi zesummen de Kongress bilden, ginn nees gewielt.

D'Demokraten hu gutt Chancen, d'Kontroll am Senat ze kréien. Am Haus wäerten d'Demokraten zimmlech sécher d'Iwwerhand behalen, esou d'Prognose vum Expert.

Fréie Vott a Bréifwal

Wéinst der Pandemie kann een a 44 vu 50 Bundesstaaten am Viraus wielen. 83 Millioune Wieler haten um Freideg hir Stëmm schonn ofginn. Dat gouf et nach ni.

De Robert Harmsen ass sech sécher: "Et ass kloer, dass demokratesch Wieler vill méi dozou tendéieren am Virfeld ze wielen. Republikaner tendéieren dozou, um Waldag selwer an de Büro ze goen. An dat ass eng Konsequenz vum Trump senge Messagen. Hien hannerfreet d'Integritéit vun der Bréifwal. Et gëtt keng Evidenz dofir, mä dat ass Deel vu sengem Narrativ."

Et géif keng Basis dofir ginn, dass et duerch Wielen am Viraus oder Bréifwal méi falsch Stëmmen oder Walbedruch géif ginn. Walbedruch wär an den USA net wierklech e Problem, seet de Professer a resüméiert: "Den Trump probéiert eng Geschicht do ze erfannen, déi him an d'Kaarte spillt."

Interview mam Professer Robert Harmsen (Extrait 1)
---automated---

Dem Professer Robert Harmsen no gëtt et interessant, wann et ëm déi sougenannt "legal challenges" geet. Also wann ee Kandidat verschidde Prozedure wärend an no der Wal viru Geriicht géif ufechten. Zum Beispill wéini d'Stëmmen, déi am Viraus ofgi ginn, gezielt ginn oder wéi laang se nach nom Waldag gëlteg sinn. "Et gouf e puer Decisioune vum nationale Supreme Court, déi d'Decisioune vum Geriicht a spezifesche Bundesstaate gestäerkt hunn", erkläert de Robert Harmsen, "dat kann um Ënn decisiv sinn. Am Pennsylvania zum Beispill kënnen d'Bréiwer nach gezielt ginn dräi Deeg nom Waldag, esou laang se den Datum vum Waldag drop hunn. Mä d'Geriicht kann dës Decisioun nach ëmdréinen. Da géifen dës Walziedele getrennt vun deenen anere gezielt ginn. An da kéint et sinn, dass se duerno beim finale Resultat net matgezielt ginn. Deemno wéi de Geriichtsprozess ausgeet."

Et gëtt kee federale Walsystem an den USA, präziséiert de Robert Harmsen. U sech sinn et Walen a 50 Bundesstaate plus den Distrikt vu Columbia. Do ginn et grouss Variatiounen. Dat concernéiert eben d'Prozedure vun der Bréifwal: "Dowéinst muss de Supreme Court hei sécherlech Decisiounen huelen. Ech ginn awer dovun aus, dass dëst Geriicht d'Decisioune vun de Geriichter an de Bundesstaate stäipe wäert. Et spillt de Republikaner an d'Kaarten, wann déi Ziedelen, déi fréi ausgefëllt goufen an d'Bréifwal esou wéineg ewéi méiglech Zielen."

Ausgang vun de Walen

"Et ass méiglech, dass mir e kloert Resultat fir de Biden hunn, seet de Professer Harmsen. "Florida zielt och déi Stëmmziedelen, déi fréi erakommen och schonn am Viraus. Dat ass e wichtege Staat, vun deem een d'Resultat also schonn an de Moiesstonnen eiser Zäit kann erwaarden. Wann de Biden Florida gewënnt, da gëtt et spannend ze gesinn, wéi den Trump nach kann eng Majoritéit beim "electoral college", de Walmänner a Walfraen, kréien. Op der anerer Säit, wa Florida an och nach aner Staate knapps ginn. An da ginn nach hei an do Resultater net vun deem engen oder deem anerer Kandidat kontestéiert. Da kann et Deeg daueren, bis e Resultat virläit. Et kann also duerno an de Geriichter decidéiert ginn.

Den Trump wäert mat Sécherheet probéieren en Narrativ opzezéien. Entweder vun der Victoire oder en zweiwelt un der Gëltegkeet vun dësem Vott.

An enger ganz knapper Course kéint ee gesinn, dass d'Fronte sech verhäerten an dass virun allem dem Trump seng Supporter sech sengen Aussoen uschléissen.

Wann den Trump awer ganz kloer verléiert an hien awer nach festhält un der Behaaptung vun der Victoire, da wäerten och d'Parteibasis sech vun him ofkapselen."

Op alle Fall wär een als Wëssenschaftler no 2016 e bësse méi retizent a senge Prognosen, erkläert de Robert Harmsen. D'Zeechen op eng Victoire vum Demokrat Joe Biden wären awer do.

Interview mam Professer Robert Harmsen (Extrait 2)
---automated---