
D’Bundeskanzlerin Angela Merkel hat erkläert, dass fir dës Decisioun den Avis vun der nationaler Wëssenschafts-Akademie Leopoldina eng wichteg Roll spillt.
Um Méindeg huet d’Leopoldina hiren drëtten Statement verëffentlecht. D’Experte proposéieren, dass een an Zukunft e Mask a Bussen an Zich muss undoen. Iwwerdeems heescht et, dat ëffentlecht Liewen kéint nëmmen nees normaliséiert ginn, wann d’Zuel vun neien Infektiounen sech op engem niddregen Niveau stabiliséiert, déi néideg Reserven an de Klinicken opgebaut sinn, an d’Versuergung vun anere Patienten nees wéi gewinnt weiderleeft.
Déi däitsch Wëssenschafts-Akademie recommandéiert och, d’Schoulen nees esou séier wéi méiglech schrëttweis nees opzemaachen. Dat selwecht zielt fir Butteker an Administratiounen.
Wat d’Mesuren fir déi wirtschaftlech Relance ugeet, ass et den Appell vun der Leopoldina, sech u Prinzipien vun der ökologescher a sozialer Nohaltegkeet ze halen.
Wéi vill vun dëse Recommandatiounen déi däitsch Regierung an hirem Plang respektéiert, gëtt een da vläicht e Mëttwoch gewuer. Do soll eng Decisioun falen, wéi eng Mesurë gelackert ginn.
Am Tiroler Ski-Gebitt Ischgl haten d’Autoritéite jo spéit op d’Warnunge virum Coronavirus reagéiert, ëmsou strikt war d’Regierung du bei de Mesuren.
Vun en Dënschdeg u ginn eng Partie Restriktiounen awer e bëssen gelackert.
Kleng Butteker, Coifferen a Baumäert dierfen dann ënnert strengen Konditiounen nees opmaachen. En Zäitplang fir d’Ouverture vun Hoteller an Restauranten soll bis Ënn Abrëll stoen. Mëtt Mee sollen si nees schaffen dierfen.
D’Éisträicher mussen nach bis Enn Abrëll doheembleiwen, sief dann, si hunn e gudden Grond fir erauszegoen. D’Schoule bleiwen bis Mëtt Mee zou.
An Italien ass d’Situatioun dës: Elo direkt no Ouschtere sollen zum Beispill Bicherbutteker nees dierfen op hunn, dat nieft Apdikten an Supermarchéeën.
An der besonnesch betraffener Lombardei mussen awer och dës Butteker nach zou hunn. Gréisstendeels bleiwen déi strikt Reegelen an Italien also bestoen. D’Restriktioune fir déi 60 Milliounen Awunner goufe bis den 3. Mee verlängert.
D’Fransouse musse sech op eng Verlängerung vum Confinement ëm e puer Wochen astellen. Bis den 11. Mee, sot hire President Emmanuel Macron a senger Ried op der Télé.
D’Zuelen vun neien Doudesaffer wéinst dem Coronavirus ginn a Frankräich zanter 4 Deeg elo schonn liicht erof. An de leschten 24 Stonnen waren 310 Doudeger dobäikomm. Mëttlerweil sinn a Frankräich 14.967 Mënschen u Covid19 verstuerwen.
