
Den Ënnerscheed tëscht der Liewensdauer an der Liewenserwaardung vun Notzdéieren an der kommerzieller Landwirtschaft ass grouss. Wat d’Déiere méi laang gehale ginn, wat se aus wirtschaftlecher Siicht manner rentabel sinn. Aus deem Grond stierwe vill vun hinnen, éier se den Erwuessenenalter iwwerhaapt erreecht hunn.
Schwäi kënnen zum Beispill bis zu 10 Joer al ginn. D’Schluechtgewiicht gëtt awer scho mat 6 Méint erreecht. En ähnlech groussen Ecart gëtt et och bei Randbéischten. Dës kënne bis zu 25 Joer al ginn, ma d’Schluechtgewiicht gëtt erreecht, wa se tëscht 12 an 18 Méint al sinn. E Kallef gëtt esouguer nach méi fréi an d’Schluechthaus bruecht. D’Altersmoyenne läit do bei 4-5 Méint.

Frappant ass och den Ënnerscheet tëscht der natierlecher Liewenserwaardung an der Liewensdauer vu männleche Jippelcher. Dës stierwen nach de selwechten Dag, un deem si d’Liicht vun der Welt erbléckst hunn.