
Vereenzelt maachen awer existent Anti-Virus-Mëttel Hoffnung. Et gëtt natierlech och mat Héichdrock u Vaccinen an un neie Medikamenter geschafft, ma bis déi op de Maart däerfen dierft et nach e Strapp daueren. Impfunge kéinten an den Ae vu villen Experten d’Pandemie stoppen oder de Verlaf esou ofänneren, datt d’Konsequenze manner grav wieren.
Vu ville Plazen op der Welt melle Fuerscher villverspriechend Progrèsen. A Rekordzäit war gewosst, wéi de Virus opgebaut ass a bei der Entwécklung vu potentielle Mëttel wier ee wäit, heescht et ëmmer nees. Zu Seattle gouf scho mat éischte klineschen Tester ugefaangen.
Fir Risken ze ëmgoen, mussen natierlech d’Etappen agehale ginn. Wann d’Mëttel fäerdeg ass, komme fir d’éischt Déierentester, duerno gëtt et u fräiwëllege Mënsche getest.
Eréischt wann d’Effete vum Impfstoff definitiv erfuerscht sinn, kënnen Zouloossungen ugefrot an d’Masseproduktioun lancéiert ginn.
Wéini datt et sou wäit ass, do sinn d’Experte sech net eens. Hoffnung mécht den däitsche Pharma-konzern Cure-Vac. Hei geet een dovunner aus, datt e fäerdege Vaccin schonn dëst Joer am Hierscht kéint geliwwert ginn. De Robert-Koch-Institut trëppelt awer do op d’Brems a rechent éischter mat Fréijoer 2021, anerer esouguer mat Hierscht 2021.
Op alle Fall geet et zäitlech net eraus, fir der aktueller Infektiounswell entgéintzewierken. Dofir soll och op Medikamenter gesat ginn, déi géint de Covid-19 kéinte wierken.
Wat ganz nei Entwécklungen ugeet, sinn den Ament héchstens usazweis Succèsen ze rapportéieren. De Problem ass wuel manner d’Entwécklung, ma vill méi deen, datt d’Medikament riskéiert, fir am Laf vun de Prozeduren duerchzefalen. Hëllefe kéinten awer aner Anti-Virus-Medikamenter, déi elo schonn um Maart sinn.
Et handelt sech do zu Beispill ëm Traitementer, déi initial géint HIV entwéckelt goufen oder nach géint Ebola, do soll de Wierkstoff Remdezevir sech bei Tester an Asien bewäert hunn.
An de leschten Deeg war och vill rieds vum Anti-Malaria-Medikament Chloroquin. Den Tübinger Institut für Tropenmedizin huet an deem Kontext annoncéiert, Etuden u Mënsche wëllen ze lancéieren. Bei Patienten a China sollen et positiv Effete gi sinn. Ähnlech Experienzen huet en Institut fir Infectiologie am franséische Marseille mat Chloroquin gemaach.
Et sief präziséiert, datt et sech bis ewell hei ëm experimentell Tester handelt an datt keng generell Conclusioune kënne gezu ginn. Dat konkret Géigemëttel gëtt et fir den Ament op alle Fall nach net.
