Mann positiv op Covid-19 getestWeidere Flüchtlingscamp a Griichenland ofgerigelt

RTL Lëtzebuerg
En afghanesche Bewunner vum Camp, net wäit vun Athen, wier positiv op de Coronavirus getest ginn.

Dat huet de Ministère fir Migratioun um Sonndeg matgedeelt. An den nächsten zwou Wochen dierft keen de Camp verlossen oder vu baussen an de Camp erangoen.

Den 53 Joer ale Mann huet wéi et schéngt eng Virerkrankung, hien hätt sech mat de Symptomer selwer un déi medezinesch Strukture vum Lager geriicht, doropshin ass hien an e Spidol an déi griichesch Haaptstad bruecht ginn, wou hie positiv op de Covid-19 getest gi wier.

D’Famill vum Mann ass dem zoustännege Ministère no a Quarantän. Elo sollen no a no all d’Bewunner vum Camp op de Virus getest ginn.

Scho virun e puer Deeg haten d’Autoritéiten en anere Camp, 80 Kilometer vun Athen ewech, ënner Quarantän gesat, well de Virus bei enger Bewunnerin festgestallt gouf. Zanterhier goufen an deem Camp 23 Mënschen positiv op de Coronavirus getest.

Mënscherechtsorganisatiounen hu wéinst der aktueller Pandemie gefuerdert, dass déi griichesch Flüchtlingscampe geraumt ginn. Besonnesch katastrophal sinn d’Liewensbedingungen an den iwwerfëllte Lageren op den Ägäis-Inselen, wou zéngdausende Mënschen zesumme wunne mussen.

Back to Top
CIM LOGO