
A Frankräich ass dësen Dënschdeg e weidere Protestdag vun de Lycéesschüler. Vum 5. Akt ass mëttlerweil rieds. D'Schüler fannen, datt d'Regierung bis elo net genuch op hir Fuerderunge reagéiert huet. Zu Paräis ass eng grouss Manifestatioun geplangt, insgesamt ginn tëscht 130.000 an 200.000 Demonstranten am ganze Land erwaart.
D'Intersyndicale vun de Schülerbeweegungen wéi och d'Gewerkschafte ruffen nees zu Maniffen op, fir, sou heescht et offiziell: "de Service public vun der Educatioun ze verdeedegen".
Demonstratioune sinn nieft Paräis och zu Metz, Nanzeg, Rennes oder Toulouse annoncéiert.
Firwat ginn den Ament souvill Schüler op d'Strooss?
Ugefaangen huet d'Beweegung Mëtt September an der Paräisser Regioun. Mëttlerweil ass ganz Frankräich concernéiert.
D'Schüler manifestéiere géint en extrem Manktem u Léierpersonal, Coursen déi ausfalen, iwwerfëllte Klassen a Stonnepläng, baufälleg Gebaier. An datt Kanner aus bessere Verhältnisser am Schoulsystem bevirdeelegt sinn.
Wéi schlëmm sinn d'Manifestatiounen?
Honnerte Lycéeën awer och Unien a ganz Frankräich si blockéiert. Et koum zu bluddege Konfrontatiounen tëscht Manifestanten an der Police. Mat ville Blesséierten op béide Säiten. Dobäi gouf et och Kritik wéinst Policegewalt. Ee Schüler huet seng Hand duerch eng Police-Granat verluer. Iwwer 6.600 Leit goufe festgeholl. De Gros dovunner Mannerjäreger. Nieft de Schüler manifestéieren awer och Proffen an Elteren mat.
Wéi reagéiert d’Regierung?
De Premier Lecornu an den Educatiounsminister Geffray probéieren d'Situatioun ze berouegen an hunn 3.000 Remplaçante versprach, an datt d'Schoulinfrarstrukture verbessert ginn. D'nächst Joer kéint de Budget fir d'Educatioun opgebessert ginn an den Inneminister huet den Asaz vu verschidden Policegranate verbueden. Dat geet Schüler- a Proffegewerkschaften awer net duer. Et wier nëmme Geplooschters, wat déi strukturell Probleemer net géif léisen. Déi grouss Schülergewerkschaften hunn dann en Donneschden och e Rendez-vous beim Educatiounsminister.
Mat wat muss een haut rechnen?
Et ass den ACT 5, de fënneften grousse Mobilisatiounsdag. De Mëtteg soll zu Paräis ënnert anerem e Protest-Cortège bis bei den Hotel de Matignon goen, wou d Premier sëtzt. An och op der Place d’Italie ass e grousse Rassembelemnt geplangt. Ma, och a villen anere Stied: wéi Toulouse, Rennes oder Metz.
Wéi grouss d’Mobilisatioun haut wäert sinn ass wéi schwéier soen. Beim leschte grouss Protestdag, en Donneschden, louchen d'Zuelen tëscht 72.000 an 130.000 jee nodeem op een d'Gewerkschaften oder d'Autoritéiten freet. Beim Rendez-vous virdru waren et der nach tëscht 266 a 450.000. Et huet also nogelooss.
Firwat ass d'Kris politesch sou geféierlech fir d'Land
Am Abrëll sinn a Frankräich Presidentschaftswalen, sou datt natierlech och vun Oppositiounssäit Drock kënnt. D'Stëmmung am Land ass souwisou schonn opgelueden. Wéinst der Inflatioun, dem héije Budgetsdefizit a strenge Spuersmesueren. Wann d’Schüplerprotester sech elo nach mat weidere Gewerkschaften oder dem Mouvement vun de gillets jaunes zesummendinn, da kéint dat d’Regierung komplett destabiliséieren. Et gëtt och probéiert aner Secteuren dozou ze beweegen mat ze manifestéieren. A fir e Samschdeg, de 17. Oktober, gëtt och zu enger méi breeder sozialer Protestbeweegung opgeruff. Engem rezenten Sondage no, géifen iwwregens 54% vun de Fransousen d'Schülerprotester ënnerstëtzen.
Ass dat ganzt e reng franséische Probleem?
Nee et gouf och Schülerprotester an der Belsch, Däitschland an Italien.
Zu Lëtzebuerg?
Hei net. Et war awer déi lescht Wochen e Flyer an de soziale Medien ënnerwee, deen zum Protest opgeruff huet. Wou awer keen, och net d’Schüler- a Studente Vertriedungen UNEL a CNEL, woussten, wien derhannert stécht. Protester oder Änleches gouf et dunn och keng an de Lëtzebuerger Lycéeën.